London CallingD'Brite beim Eurovision Song Contest 2019

E Samschdeg kuckt d’ganz Welt op Israel wann déi 64. Editioun vum Eurovision Song Contest zu Tel Aviv ausgedroe gëtt.

14.05.2019, 04:00:13

© pixabay.com

An do sinn, trotz Brexit, d’Briten natierlech och nees mat derbäi. Nodeems se d’läscht Joer mat der Sängerin SuRie op der drëttleschter Platz gelant sinn, soll et elo dëst Joer den 21 Joer ale Michael Rice mat sengem Lidd "Bigger Than Us" besser maachen. Ob een et awer fäerdeg bréngt de Concours ze gewannen, ass ze bezweifelen.

Lauschtert hei de Reportage:

D’Lidd ass en typeschen Eurovision Popsong mat rouege Strofen an engem grousse Refrain. Deene meeschte Leit wäert d’Lidd gefalen, mee eppes Besonnesches ass et awer net. Et gëtt sech erwaart, dass d’Briten et domadder op déi 20. Plaz packen, wat ëmmerhin déi zweetbescht Placéierung fir si an de leschte 5 Joer wier. Zu de grousse Favoritten dëst Joer gehéieren ënnert anerem Russland, Italien, Zypern, Malta an d’Schwäiz.



Fir d’läscht hunn d’Briten de Concours dann 1997 gewonne mee zënterhier hu si et just 3 Mol an d’Top Ten gepackt. E klengen Trouscht ass ëmmerhin, dass d’UK de Eurovision Song Contest scho ganzer 5 Mol gewonnen huet – genee esou oft ewéi Lëtzebuerg, an dat obwuel mer säit 1993 net méi matmaachen. Wéi et fir d’Briten dëst Joer dann ausgeet, fanne mer e Samschdegowend eraus!

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter