UN-Treffen zu GenèveGlobale Pakt géint de Plastiks-Knascht

Milliounen Tonne Plastik verschmotzen d’Weltmierer. Elo hunn d’Vereenten Natiounen op enger Konferenz méi streng Reegele fir den Export decidéiert.

Leschten Update: 13.05.2019, 08:27:47

© Eldoradio

Et ass ee Meilestee fir de Schutz vu Mënsch an Natur: Méi wéi 180 Länner hunn sech de leschte Freideg zu Genève op méi streng Reegele vu Plastiks-Exporter gëeenegt. 12 Deeg laang hu Vertrieder vun de verschiddene Regierunge weltwäit diskutéiert.

Nei Reegele bei der Entsuergung a beim Export vu Plastik

Länner, déi 1989 déi sou genannte Basler Konventioun ënnerschriwwen un, een internationaalt Ëmwelt-Ofkommes, hunn neie Reegele fir d’Entsuergung an den Export vu verknaschtem Plastik zougestëmmt. An Entwécklungslänner, virun allem a Südostasien, gëtt Plastik aus den Industrienatioune weiderverschafft. Déi nei Reegele maachen et an Zukunft méi schwéier, datt Plastiks-Knascht, dee kaum oder guer net recycléierbar ass, weiderhi säi Wee dohinner fënnt. 

All Joers landen 8 Milliounen Tonne Plastiks-Knascht an de Weltmierer

Ëmweltorganisatioune gi souguer dovunner aus, dass déi nei Reegele mëttelfristeg engem Export-Stopp gläichkomme wäerten. Wéi et heescht, soll et een transparente System fir den Export an Import vu Plastik ginn, deen een zeréck verfollege kann, esou ee Spriecher vum Ëmwelt-Programm vun de Vereenten Natiounen. D’Ofkommes gëtt als historesch gesi well et rechtlech bannent ass. Déi eenzel Länner mussen elo kucken, wéi si d’Ofkommes anhalen. Et hänkt och vill vun de Kontrollen of. Déi mussen natierlech funktionéieren. Souwuel d’Kontrolle vum Plastiks-Knascht deen aus Europa exportéiert gëtt, wéi och de Knascht deen a Länner importéiert gëtt.

Entwécklungslänner kënnen Import-Offall an Zukunft refuséieren

Fir d’éischt mol muss all Land, dat an Zukunft nach Plastiks-Knascht exportéiere wëll, genee uginn, wat dëse Knascht fir Inhaltsstoffer opweist. Iert de Knascht d’Land verléisst, gëtt kontrolléiert ob d’Inhaltsstoffer den Informatiounen entspriechen. Dat war bis ewell net méiglech, well den Export vu Plastik kenger Informatiounsflicht ënnerlouch. Der UNO no soll den Export an Zukunft nëmmen nach méiglech sinn, wann de Plastiks-Knascht virzortéiert gouf, an deementspriechend recycléierbar ass. Fir den Export vun anerem Plastiks-Offall ass an Zukunft weltwäit eng Zoustëmmung vun den Autoritéite vun den Export- an Importstaaten erfuerderlech. Doriwwer eraus hunn sech d’Länner déi exportéieren, dozou verflicht, de Staaten an deenen importéiert gëtt, beim Verschaffe vu Plastik besser ze hëllefen.

Recherchen a Malaysien, Indonesien an Thailand hu gewisen, dass d’Equipementer vun de Recycling-Entreprisen dohannen dacks net duerginn, fir eng Ëmwelt-gerecht Veraarbechtung vum Plastik ze garantéieren. D’Suitte si logesch: Et ginn Entreprisen déi de Knascht illegal an d’Natur deponéieren, a sou kënnt de Knascht och an d’Mierer. Do dernieft gouf zu Genève decidéiert, déi global Produktioun vu Plastik ze reduzéieren. Wa manner Offall ufält, gëtt och manner exportéiert.

D'USA wëllen net matmaachen

D’USA waren dem internationalen Zentrum fir Ëmwelt-Gesetzer géint déi nei Reegelung. D’Vereente Staaten si weltwäit gréissten Exporteur vu Plastiks-Knascht, a si géint dee Schrëtt. Well se net Deel vum Basler Ofkommes sinn, wäert dës hir Export-Méiglechkeeten nëmmen a bestëmmten Entwécklungslänner behënneren, esou heescht et.