Rotschléi fir d'BezéiungWat een net mam Partner deele sollt

Natierlech soll een net egoistesch sinn, mee verschidde Saache sollt ee besser just fir sech halen.

Leschten Update: 14.05.2019, 06:35:43

© Unsplash

Wie schonn eemol an enger Bezéiung war oder ass, kennt et ganz gutt. "Wat mäint ass, ass och däint" oder "sharing is caring". Dass d’Frëndin gäre mol de Pullover vum Kolleg klaut an een deen ni méi erëmgesäit, ass jidderengem bekannt. Mee wat sollt een op kee Fall mat der Frëndin oder mam Frënd deelen?

Saachen, déi net an d’Bezéiung gehéieren, wéi zum Beispill perséinlech Infoen a Geheimnisser vun äre beschte Kollegen. An enger Bezéiung sollt een zwar keng Geheimnisser virun deem aneren hunn, mee wann dir är bescht Kollegen net verléiere wëllt, ziel dir besser näischt weider. Soss kann et gutt sinn, dass ären "best friend forever" sech eng aner besser Halschent sicht.



Wann ee vun iech krank ass, wëll dir äre Partner natierlech net ustiechen. Deemno soll dir Nues-SprayThermometer, etc. och net mam Partner deelen. Wie säin Nues-Spray elo awer deelt, riskéiert deen aneren unzestiechen a soumat de genaue Géigendeel ze bewierken.

Wa mir scho bei der Hygiène a beim eegene Kierper sinn, gëtt et nach eng Saach, déi net gedeelt sollt ginn. Wat fir verschidde Leit selbstverständlech ass, gesinn anerer net esou enk: d’Zännbiischt. Dozou muss een net wierklech vill soen. Benotzt einfach är eegen.

An eisem digitalen Zäitalter sinn eis Passwierder immens wichteg an den eenzege Wee eis Donnéeën online ze schützen. Dozou gehéiert natierlech och de Pin vun ärer Kreditkaart. Stellt iech vir, dir hutt eemol e grousse Sträit mat ärem Partner an zwou Stonnen drop ass d’Limitt vun ärer Kaart areecht.