Fit am KappOch d'Gehir gëtt duerch Sport trainéiert

Sport deet eis gutt. Dat betrëfft awer net nëmmen eise Kierper. Wann ee Sport mécht, gëtt nämlech och eist Gehir trainéiert.

14.05.2019, 04:00:29

© Pexels

Ob mat Hëllef vu Smartphone-Apps oder dem gudden ale Sudoku: Gehir-Training ass „in“. D’Gehir léisst sech awer och anescht trainéieren an zwar ganz einfach an deem ee Sport mécht.

Duerch sportlech Aktivitéite gëtt d’Gehir besser duerchblutt. Eng besser Duerchbluddung suergt an engem nächste Schrëtt fir nei Verknëppungen am Gehir. Dat huet schlussendlech e positiven Effekt op eis Denk-Leeschtung – an dat och an héijem Alter.

Sport suergt doriwwer eraus fir e Wuesstem vun de Nervenzellen am Hippocampus. Dat ass deen Deel vum Gehir, dee fir d’Léieren a fir d’Verhalen zoustänneg ass. Hei sinn et virun allem de Koordinatiouns- an den Ausdauertraining déi favorabel fir eise Verhalt sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Wa mir Sport maache gëtt eist Gehir awer net nëmme méi fit, mir ginn och méi glécklech. Sport mécht einfach gesot de Kapp fräi. Am Alldag ass nämlech virun allem de präfrontale Kortex, also eist Denk-Zentrum aktiv. Andeems mir owes no der Schaff Sport maachen, verréckelt sech déi Aktivitéit an de Beweegungs-Zentrum vum Gehir. D’Resultat: Mir si manner gestresst.

De Stress mécht Platz fir Glécksgefiller. Duerch Beweegung geet nämlech d’Konzentratioun vum Gléckshormon Serotonin erop an eis Stëmmung klëmmt.

Sport wierkt also wéi e "Reboot" fir d’Gehir. Fir dass all des positiv Auswierkunge méi laang unhalen, muss een awer natierlech reegelméisseg Sport maachen.