Positiv NiewewierkungKräischen hëlleft beim Ofhuelen

Iwwerfuerderung an natierlech Trauer sinn d’Haaptgrënn firwat heiansdo mol Tréine fléissen. Dat Gutt un der Saach: Andeems ee kräischt hëlt een of!

14.05.2019, 04:06:08

© Pexels

Et gi Situatiounen an deenen näischt méi geet. Alles ass blöd, am Job leeft et net ronn an och privat gouf et scho besser Zäiten. Iwwerfuerderung an natierlech Trauer sinn d’Haaptgrënn firwat heiansdo mol Tréine fléissen. 

Kräischen ass eng ganz natierlech Reaktioun vum Kierper a verschiddene Situatiounen. An der Wëssenschaft gëtt tëscht 4 Zorte vun Tréinen ënnerscheet. Mënsche kräischen deemno wéinst kierperlecher Péng, wéinst Stress, Trauer oder och aus Freed. Wa mir a Situatiounen, an deene mir gestresst sinn oder eis iwwerfuerdert fillen, kräischen, schwätze mir vu „psychologeschen Tréinen“.

Des Tréinen hëllefen awer net nëmmen dobäi stresseg oder traureg Evenementer ze verschaffen. Den Dr. Aaron Neufeld, Aaspezialist aus dem kalifornesche Los Altos, huet an enger Etüd och en Effekt op d’Kierpergewiicht fonnt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Wa mir kräische verännert sech nämlech och eisen Hormonhaushalt. An emotional méi ustrengende Situatioune klëmmt de Cortisolspiggel, wat bedeit, dass méi Fett gespäichert gëtt. Dat war an der Urzäit ganz praktesch, well Stress meeschtens bedeit huet, dass een näischt ze iessen hat. Dat ass natierlech net méi aktuell, mëttlerweil gräift een an dëse Situatiounen einfach op Fast-Food zeréck.

Mee zeréck bei d’Tréinen. Déi spullen de Cortisol souzesoen einfach aus eisem Kierper eraus bis dee Wäert erëm op engem normalen Niveau läit. Doduerch huele mir also net bäi an hunn trotzdeem kee Verlaangen no ongesondem Iessen.

Sou schlëmm d’Situatioune wéinst deenen een Tréine vergéisst och sinn: Eppes Guddes huet et dann awer, wann ee senge Gefiller fräie Laf léisst. Krokodilstréine bréngen iwwregens näischt. D’Tréine musse vun Häerze kommen. An doru gëtt och näischt Verwerfleches.