Opgepasst!No-Go's beim Grillen

D’Wieder gëtt besser an d’Sonn ass méi laang dobaussen, dat heescht et kann ee wann ee wëll, Moies, Mëttes an Owes grillen.

Leschten Update: 16.05.2019, 19:37:26

© Unsplash

Grille schéngt zwar ganz einfach ze sinn, tatsächlech ginn et awer eng Partie Saachen op déi een oppasse muss. Fir dass dir är Kollege bei ärer nächster Grillparty iwwerzeegt kritt, dass dir de Meeschter hannert dem Fleesch sidd, sinn hei 4 No-Go’s, op déi ee beim Grillen oppasse muss:

1. Et geet schonn domat un, wéi een de Grill umécht. Natierlech huet een Honger an et wëll een, dass dat Ganzt sou séier wéi méiglech geet. Dat ass awer scho falsch. Mat ze vill Kuel kënnt ee séier op ëm déi 270 Grad, wat vill ze waarm fir Steak a Co. ass. 180 bis 190 Grad si perfekt.

© Unsplash

2. Dono kënnt d’Fleesch op de Grill. Do kann een dach am Fong näischt falsch maachen oder? Dach! Op kee Fall d’Fleesch direkt aus dem Frigo op de Grill leeën. D’Fleesch muss Zëmmertemperatur hunn, soss dauert et ze laang bis d’Fleesch duerch ass an et riskéiert zéi an dréchen ze ginn.

3. Bei eng Grillparty gehéiert natierlech och Béier. Awer beloosst et beim Drénken. Et ginn zwar Leit déi de Béier iwwer d’Fleesch schëdden, well se de Goût och beim Iesse gär hunn, dat sollt een allerdéngs si loossen. Dobäi entstinn nämlech vill kriibserreegend Stoffer an d’Marinad gëtt ofgewäsch. 

© Unsplash

4. Zu gudder Lescht muss dir nach oppasse wéi dir d’Fleesch dréint. Mat der Forschette dra picken ass zwar praktesch a geet séier, wann dir awer eng Grill-Zaang hutt, da benotzt se och. Mat der Forschette maach dir nämlech Lächer an d’Fleesch, wouduerch de Saft erausleeft an d’Fleesch dréchen an zéi gëtt.




Mat dësen Tipps si dir elo perfekt fir är nächst Grillfest gerëscht, an deem Sënn : Gudden Appetit a loosst näischt verkuelen!