5. StaffelBlack Mirror: Nei Staffel kënnt de 5. Juni!

Serien-Junkies opgepasst: D'Erfollegserie vun Netflix, "Black Mirror", kënnt am Juni dëst Joer mat enger neier Staffel zeréck!

Leschten Update: 15.05.2019, 13:54:20

© Screenshot YouTube

"Black Mirror" hat fir d'lescht mat hirer opwänneger Produktioun "Bandersnatch" fir en neit Film-Erliefnis gesuergt. Et konnt ee selwer decidéieren, wéi d'Geschicht ausgeet. Bei der neier Staffel huet een op dës Interaktioun wuel net zeréckgegraff, ma awer gesäit den Trailer, deen e Mëttwoch vu Netflix publizéiert ginn ass, villverspriechend aus.

Wéi een et vu "Black Mirror" gewinnt ass, spillt d'Technik och bei den neien Episoden d'Haaptroll. D'Maacher gräifen déi aktuell Trends op an iwwerleeën, wéi wäit dës Auswierkungen op de Mënsch kënnen hunn - gréisstendeels sinn et déi negativ Effekter, déi an den Episoden duergestallt ginn.

Nieft bekannte Schauspiller wéi dem Anthony Mackie (Avengers: Endgame) oder dem Andrew Scott (Sherlock), ass och d'Sängerin Miley Cyrus ze gesinn. Netflix huet mat der neier Staffel 3 Episoden annoncéiert, vum 5. Juni u sinn dës op Netflix disponibel.

Kuckt iech hei den Trailer un!