RebootBeverly Hills 90210 - Trailer online

19 Joer hunn d'Fans op dëse Moment gewaart.

Leschten Update: 15.05.2019, 14:06:07

© YouTube Screenshot

Den Trailer vu „Beverly Hills, 90210“ ass eraus. Gewise gi 7 vun den deemolegen Haaptduersteller. De Luke Perry feelt leider, dësen ass de 4. Mäerz un de Suite vun engem Schlag gestuerwen.



D’Serie ronderëm d’Teenie-Clique aus de 90'er feiert de 7. August um US-Sender Fox säi Comeback.

An der Neioplo, déi aus sechs Deeler bestoe soll, spillen d’Schauspiller hir Roll aus der Serie an dertëscht och emol eng iwwerdriwwe Versioun vu sech selwer.

Net nëmmen d’Acteure mee och den Titelsong ass nach dee selwechte wéi fréier, an dat gëtt am Trailer ganz intressant duergestallt.