Hei an Europa5 Plazen um Mier, fir richteg z'entspanen

Vill Vakanzendestinatioune si voll Touristen a provozéieren méi Stress wéi Erhuelung. Mir stellen iech 5 Plazen fir, wou een nach richteg entspane kann.

Leschten Update: 15.05.2019, 15:09:24

© AFP/Archiv/Marty Melville

Montenegro

Mat ronn 13.000 Meter Carré ass Montenegro zwar eent vun de klengste Länner an Europa, huet awer eng enorm landschaftlech Varietéit. Nieft Fiels a Kiselsteng-Plagen fannen d’Touristen och Sandplagen, wou ee relaxe kann. Déi längst am Süde vum Land  geet iwwer 13 Kilometer bis bei di albanesch Grenz.

Albanien

Albanien ass fir di meescht Westeuropäer nach e wäisse Fleck op der Touristekaart. Mee grad dat mécht säi besonnesche Charme aus. Well nach gëllt d’Land an der Adria tëscht Montenegro a Griicheland als Geheimtipp. Un der 350 Kilometer laanger Küst fënnt nach onberéiert Plagen mat klorem Waasser.

Skiathos

Just 11 Kilometer laang a 5 Kilometer breet ass di griichesch Mini-Insel Skiathos. Si läit ëstlech vum griichesche Festland an der Ägäis an huet 60 dramhaft schéi Plagen ze bidden.

Sommarøy, Norwegen

Klort Waasser, wäiss Sandplagen an d’Rauschen vum Mier. All dat fënnt een och nërdlech vum Polarkrees. Genee gesot op der klenger Insel Sommarøy an Norwegen, knapp 40 Kilometer vun der Stad Tromsø ewech. Si ass Deel vun engem Archipel, deen als Karibik vum Nordmier bezeechent gëtt.

Nordséiinsel Juist

Déif duerchootmen kann een och nach op der Nordséiinsel Juist. Di längst vun den ostfriseschen Inselen ass nämlech autofräi.  Just Velöen a Päerdskutschen fueren hei. Och Schëffer bis op d’Festland zirkuléieren just 2 Mol den Dag.

5 Plazen um Mier hei an Europa, déi perfekt sinn,fir wäit ewech vun den Touristemassen z’entspanen.