Life of Bryan - Mirai no MiraiEe klengt Juwel aus Japan

Net oft héiert een hei an Europa vu japanesche Filmer, mee wann een eppes héiert, ass et dacks e gudde Film - Mirai no Mirai gehéiert dozou.

05.06.2019, 06:31:16

© YouTube Screenshot

Mirai no Mirai, iwwersat "Mirai of the Future", ass den neisten Animatiounsfilm vum Regisseur vu Wolfchildren an The Girl who leapt through Time. Wiem des Filmer bekannt sinn, ka sech scho virstellen, wéi eng Zort u Geschicht hei erzielt gëtt.

Mirai of the Future erzielt d'Geschicht vun engem klenge Jong, dee viru kuerzem eng kleng Schwëster krut. De Film weist d'Schwieregkeete vum Alldag mat engem Neigebuerenen a wéi sech dat op d'Famill auswierke kann.

Wat elo langweileg klengt gëtt, typesch fir de Regisseur Mamoru Hosoda, duerch wonnerschéin Animatiounen a vill Fantasie zu enger klenger, mee schéiner Geschicht iwwer Famill an d'Erwuesse ginn.



Mirai of the Future gëtt nämlech aus der Perspektiv vum 4-järege Jong vun der Famill erzielt a wéi seng Welt sech mat enger klenger Schwëster verännert. Esou schéckt de Film eis op eng Rees vu ville klengen Aventuren, mee halt wéi e Kand et géing gesinn. Esou gëtt den Hond vun der Famill zum grousse Brudder vun deem ee léiert wat et heescht, jalous ze sinn an déi éischt Kéier Vëlo fuere gëtt zu enger Leeschtung vun där een als Kand am CV wéilt schreiwen.

Mirai of the Future ass keng opreegend Geschicht mat vill Drama oder Action. Et ass e Film, deen d'Magie vun de klenge Momenter am Liewe feiert an een dorun erënnert, wéi opreegend di eege kleng Welt ka sinn, wann een e Kand ass.