Léift ënner KollegenKann e Chef eng Affär op der Aarbecht verbidden?

Eng Affär op der Aarbecht gehéiert an d'Privatliewen. Genee esou soll d'Ausliewen dovun, op eescht Bezéiung oder One-Night-Stand, och am Private geschéien.

Leschten Update: 04.06.2019, 16:46:31

© Pexels

U sech verbréngt een e Groussdeel vu sengem Liewen op der Aarbecht, kee Wonner also, wann een do ëmmer mat deene selwechte Leit zesummenhänkt an déi no an no ëmmer besser kennt. Ma verschiddener kommen sech dann och schonn emol kierperlech méi no. Dass dat net ëmmer gutt fir d'Aarbechtsklima ass, dat kennen der bestëmmt schonn e puer vun iech aus eegener Erfarung. An dofir ginn et Cheffen, déi esou Affären op der Aarbechtsplaz net gäre gesinn an se esouguer verbidden. Mä dierfen se dat iwwerhaapt?

Chef muss Privatliewe respektéieren

Fir d'éischt ass emol ze soen, dass och eng Affär zum Privatliewe gehéiert an dat huet all Entreprise ze respektéieren. Dat heescht och wann elo 2 Aarbechtskollegen e Verhältnis hunn, dann ass dat hier Saach. Esouguer wann d'Entreprise esou eppes sollt an hire Bestëmmunge stoen hunn ass dat net gülteg, seet de Jurist Paul Hammelmann.

Keng Auswierkungen op d'Leeschtung oder d'Entreprise

Wou de Chef awer duerchaus eppes ka soen, dat ass wann d'Bezéiung Auswierkungen op d'Entreprise oder d'Aarbecht vum Employé huet. Natierlech sollt een sech och op der Aarbecht selwer zeréckhalen, fummelen oder Sex sollten do besser net stattfannen. Grad a Saache Geschlechtsverkéier kéint de Chef nämlech argumentéieren, dass d'Raimlechkeeten op der Aarbechtsplaz fir eppes gebraucht gi sinn, fir wat se net geduecht sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Et brauch een natierlech net ze soen, dass dat ganzt op géigesäitegem Averständnis muss berouen an een och déi eege Positioun net dierf ausnotzen.

Afloss op d'Aarbechtsklima mat aberechnen

Ma och eng Relatioun mam eegene Chef gehéiert u sech zum Privatliewen. Hei muss een sech awer froen, wéi eng Auswierkungen dat op d'Aarbecht an op d'Klima ënnert den Aarbechtskollegen huet. Wann dëst op d'Entreprise en negativen Afloss huet, da kann dës och hei Konsequenzen zéien.

Fir Auswierkungen duerch eng Relatioun mam Chef ze ëmgoe gëtt et dacks och nach d'Méiglechkeet sech versetzen ze loossen an esou eventuelle Reaktiounen duerch d'Kollegen aus dem Wee ze goen.