SportWat bréngt et beim Tennis ze stöhnen?

Wat hunn e Nadal, e Federer an e Sharapova gemeinsam? Kloer, si spillen Tennis. Virun allem gi si awer komesch Téin vu sech. Mee wéi een Zweck huet dat?

Leschten Update: 05.06.2019, 04:21:53

© Pexels

Bei deem enge kléngt et wéi doheem am Schlofzëmmer, bei deem anere wéi wann e grad gefoltert gëtt. Gemengt ass natierlech den Tennis, wahrscheinlech de Sport mat der intressantster Ausdrocksweis iwwerhaapt.

Ëmmer wann de Ball geschloe gëtt, kënnt mat mindestens genau sou vill Drock dohannert e Kreesch aus de Spiller. Mee wat bréngt dat Gebläers beim Tennis?

D’Tennislegend Roger Federer huet sech souguer schonn ëffentlech doriwwer beschwéiert, wann e Géigner ze haart gejaut huet, zemools a wichtege Momenter am Match. Ob et eppes bréngt bei all Schlag e Stöhne vu sech ze ginn, wollten elo Fuerscher vun der Friedrich-Schiller-Universität zu Jena wëssen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Dofir hu si mat 31 Amateur-Tennisspiller zesummegeschafft. Si kruten Zeenen aus dem professionellen Tennis gewisen a misste schätze wou de Ball opkënnt. D’Wëssenschaftler hunn express d’Stöhne beim Schlag méi haart respektiv méi lues ofgespillt wéi a Wierklechkeet. Wat d’Stöhne méi haart war, desto méi fest a wäit gouf de Schlag ageschat.

Dat bestätegt wat aner Etüde schonn erausfonnt hunn, an zwar entwéckelt een duerch e Stöhnen oder e Jaize minimal méi Kraaft. E klénge Virdeel huet een also effektiv.

Dat kann awer och en Nodeel sinn, well de Géigner doduerch ofschätze kann, wéi fest de nächste Ball geschloe gëtt. Anerersäits kann ee sech express verstellen, fir de Géigeniwwer auszetricksen. Gesitt der mol, esou vill Taktik stécht an engem einfache "Stöhner"...