2021 geet et weider!Jurassic World Serie op Netflix

Ausgestuerwen ass de Park nach laang net.

11.06.2019, 07:00:18

© Youtube Screenshot

De 9. Juni dëst Joer ass net nëmme Mammendag, mee och de 26. Gebuertsdag vun Jurassic Park. Den éischte Film vun der Franchise ass 1993 erauskomm an et ass net ënnerdriwwen ze soen, dass d’Geschicht vun der Isla Nublar d’Kinoswelt fir ëmmer verännert huet.

De Steven Spielberg, deen souwuel beim éischte, wéi och beim zweeten Jurassic Park Regisseur war, konnt sech eleng beim éischten Deel iwwer 12 Auszeechnunge freeën. Dorënner waren ënnert anerem och den Oscar fir beschten Toun, bescht visuell Effekter a beschten Toun-Schnëtt.




An de Keesen huet et awer och gutt gerabbelt. Vu 1993 bis 1998 huet kee Film méi agespillt wéi Jurassic Park. Mat 949 Milliounen Dollar war en esou laang un der Spëtzt bis de Rekord 1998 vum Film Titanic ageholl gouf. Dëst war den éischte Film, deen d’Milliard geknackt huet.

Wat ufanks eng Trilogie war, ass 2015 weider ausgebaut ginn. An zwar mat Jurassic World. Och dëst ass keen eenzele Film gewiescht, mee erëm den Ufank vun enger neier Trilogie. 2018 ass Jurassic World: Fallen Kingdom erauskomm an 2021 kënnt dann och den drëtten Deel vun Jurassic World an de Kino.


Wien elo awer net bis 2021 waarde wëll fir Neies aus dem prehistoresche Park gewuer ze ginn, kann berouegt sinn. Netflix an DreamWorks Animation schaffen nämlech zesummen un enger Spin-off-Serie mam Numm "Jurassic World: Camp Cretaceous", déi schonn 2020 op Netflix erschénge soll.
Am Mëttelpunkt vun der animéierter Serie steet eng Grupp vu 6 Jugendlechen, déi op der Isla Nublar gelant sinn an all Verbindung zu der Aussewelt verléiert. Hiert neit an eenzegt Ziel : Iwwerliewen!


Wat een elo allerdéngs vun Jurassic World 3 erwaarde kann, ass nach net wierklech gewosst. Just een Detail ass scho confirméiert ginn, an zwar dass een deen een oder anere Personnage aus der Original-Besatzung vum éischten Jurassic eng Roll am Film wäert hunn.