Kuerz, laang, abstrakt oder intensivWat geschitt eigentlech beim Dreemen?

Während mir selwer näischt matkréien schafft eist Gehir während dem Schlof weider a muss esou munch Erliefnisser aus dem Alldag verschaffen.

Leschten Update: 06.06.2019, 04:42:58

© Pixabay

All Mënsch dreemt wann e schléift, anescht wier eppes mam Gehir net an der Rei. Während mir selwer nämlech während dem Schlof Paus maachen ass eist Gehir trotzdeem nach voll do a schafft riicht weider. An dat kann sech dann an engem Dram nidderschloen, och wann et ganz normal ass, dass mir eis duerno net méi un dat erënnere wat mir gedreemt hunn.

Kuerz an abstrakt oder éischter intensiv

Dreem kënne ganz ënnerschiddlech sinn an och d'Zort vun deenen Dreem, hir Längt an hir Intensitéit sinn ëmmer anescht. Mol sinn et Erënnerungen, mol Gedanken, dacks sinn et awer och komplett nei Zeenen, déi sech am Dram ofspillen an déi net ëmmer Sënn maachen.

D'Zort an d'Längt vum Dram hänkt dobäi dacks och vun de Schlofphasen of. Direkt nom Aschlofen huet een éischter e liichte Schlof, de Kierper ass entspaant an d'Gehir schafft net esou vill. D'Dreem sinn an dëser Phas éischter kuerz an abstrakt.
An der REM-Phas, déi duerno kënnt a während där de Schlof méi déif ass, sinn d'Dreem dogéint vill méi intensiv.

Verschaffe vum Alldag

Dacks ass et esou, dass eis Dreem an iergend enger Aart a Weis eppes mat deem ze dinn huet, wat am Dag geschitt ass. Dat kënne flott oder negativ Saache sinn. Ma op där anerer Säit dreeme mir och emol Saachen, déi op deen éischte Bléck guer näischt mat dem Erlieften ze dinn hunn, d'Gehir schreift do souzesoe seng eege Geschichten.

Ma et geet ëm d'Verschaffen, dofir ass Dreeme positiv, wieren do net d'Alpdreem. Déi si méi onangenehm, bedeiten awer näischt Schlëmmes. Anescht ass et, wann ëmmer dee selwechten Albdram zeréck kënnt.

Negativen Dram huet sech am Gediechtnes verankert

Dëst kann Experten no eventuell mat enger psychescher Stéierung zesummen hänken. Esou verschafft d'Gehir net méi nëmmen eppes wat een erlieft huet, ma den Albdram huet sech wierklech am Gediechtnes verankert. Komesch ass awer, dass een sech och un d'Alpdreem dacks net erënner kann, wann een erwächt ass – et weess een einfach just, dass ee gedreemt huet.

Ma d'Erënnere kann een duerchaus trainéieren. Esou kann ee sech virum Schlofen z.B. fest virhuelen, sech un den Dram erënneren ze wëllen. Direkt nom Erwächen, wann den Dram nach frësch ass, sollt een sech dann dat wat ee gedreemt huet direkt e puer mol widderhuelen oder opschreiwen. Esou bleiwen d'Biller dann am Gediechtnes.