FRIENDSKënnt d'Sitcom FRIENDS zréck?

15 Joer ass et hier, dass déi lescht Episod vun der d’Kult-Sitcom ,,Friends‘‘ gesent gouf.

Leschten Update: 05.06.2019, 17:11:44

© Pexels

Op Froe vun de Fans hin, ob nach weider Folge vu Friends eraus komme wäerten, ass ni kloer geäntwert ginn.

D’Talkshow Legend ,, Ellen DeGeneres’’ huet awer net labber gelooss an d’Jennifer Anniston an engem Interview gefrot, ob et dann eng Méiglechkeet géing gi fir ,,Friends'' erëm zesumme kommen ze loossen?

Erstaunlecherweis sot d’Schauspillerin, dass si selwer an hier Schauspiller Kollege bereet dofir wär.

Dat ganzt huet nämlech net ëmmer sou ausgesi, wéi wa jiddereen aus der Sitcom bereet wär fir weider Folgen ze dréinen. Nach am Dezember lescht Joer, huet d’Jennifer Aniston nach de Matt LeBlanc, de Mathhew Perry an den David Schwimmer dofir verantwortlech gemaach, dass bis dato keng weider Folge komm sinn.

D’Meedercher aus der Serie wären nach ëmmer bereet gewiescht fir weider Folgen, an d’Jongen éischter net, sou d’Jennifer.

Allerdéngs huet sech d’Lisa Kudrow d’Fro gestallt, ëm wat et an de neien Episode soll goen. Well schliisslech waren si deemools em déi 20 Joer, an d’Serie huet sech dorëms gedréint, dass si hier eege Famill waren.

D’Aniston vermësst déi Zäit vun deemools, déi Zäit an där een net säi Gesiicht an de Smartphone gedréckt an net permanent op Facebook an Instagram gescrollt huet, mee einfach normal matenee geschwat huet.

Et kann een also gespaant sinn, ob an Zukunft ,,Friends‘‘ zeréck kënnt.

Kuckt iech hei de Video un!