EtüdMusek fir d'Konzentratioun

Ka Musek dobäi hëllefe, méi konzentréiert Auto ze fueren? Dat huet eng nei Etüde elo analyséiert.

Leschten Update: 11.06.2019, 04:00:02

© eldo archiv

D‘Äntwort ass: Jo, awer nëmme wann et di richteg Musek ass.  Dat weist eng nei Etüd vum Automagazine "Auto Express". Fir d’Etüd gouf e Chauffeur ënnerschiddlecher Musek ausgesat. Iwwerpréift gouf, wéi eng Wierkung de Sound op säi Fuerverhalen hat. Dobäi goufen d’Wierkung vu 4 verschidde Lidder aus 4 verschiddene Stiler ënnersicht. An zwar waren dat "(sic)" vun "Slipknot", "Shake It Off" vum Taylor Swift, "Humble" vum Kendrick Lamar  "Goldberg Variations" vum Johann Sebastian Bach.

Resultat: wat d’Musek méi haart war, wat de Chauffeur méi onberechenbar a méi risikobereet gouf. Roueg klassesch Musek dogéint hat eng ze vill entspanend Wierkung, iwwerdeems Popmusek am Test am beschten ofgeschnidden a fir dee Fuerstil gesuergt hat.

Ee Reporter hat sech fir den Test op der Red Bull-Streck an Éisträich hannert d‘Steier gesat. Als éischt ass hien eng Referenzronn ouni Musek gefuer. Wéi hien "Slipknot" gelauschtert huet,ass hien am Verglach zu aneren Testfaarten méi aggressiv gefuer. Bei Muske vum Bach war hien ze lues ënnerwee an beim Kendrick Lamar ass hien einfach iwwert d’Ziel-Linn gefuer. Bei "Shake It Off" ass hien dee proppersten Tour gefuer

Wéi di Responsabel vun der Etüd erklären, wie Metal dozou gemaach, net just gelauschtert ze ginn,  mee och Emotiounen dobäi z‘empfannen, déi de Chauffeur um Enn oflenken a säi Verhalen beaflossen. Popmusek dogéint huet kee sou staarken emotionalen Afloss an eegent sech dohier besser fir ze fueren.  Och d‘Lautstäerkt  ass ee wichtege Facteur bei der Konzentratioun.