EtüdMécht eng chaotesch a knaschteg Kichen déck?

D'Spull stapelt sech an der Kichen an dir wëllt ofhuelen? Da sollt dir de Chaos sou séier wéi méiglech raumen!

Leschten Update: 06.06.2019, 10:36:25

© Eldoradio

Ass engem seng Kiche knaschteg a chaotesch, da soll dat Afloss op säi Gewiicht hunn. Dat geet aus enger amerikanescher Etüd ervir. Mä wisou ass dat sou?

Test mat 100 Fraen

Ee Fuerscher-Team vum „Cornell Food and Brand Lab” huet ënnersicht a wéi wäit sech eng net-geraumten a knaschteg Kichen op d’Iessverhale vu Fraen auswierkt.

Der Etüd no huet Chaos an der Kichen net nëmmen Afloss op de Stress-Level mä kann och Afloss op d’Gewiicht hunn. U sech geet een éischter vum Géigendeel aus. Dat also eng chaotesch Kichen éischter zu engem Appetit-Verloscht féiert.

Fir d’Etüd goufe ronn 100 weiblech Test-Persounen an zwou Gruppen agedeelt. Déi eng waren an enger Kichen déi propper an opgeraumt war, déi aner an enger chaotescher a knaschteger Kichen.

Testpersounen hunn an enger knaschteger Kichen duebel esou vill Kichelcher giess

Den Testpersoune gouf gesot dass si Snacks beuerteele sollten déi an der Kiche léien. Riets ass vu Schossele mat Wuerzelen, Kichelcher a Cracker déi si teste sollen. Duerno huet den Telefon geschellt.

An enger chaotescher Kichen hunn d’Fraen éischter zu de Snacks gegraff an hunn doduerch eng 100 Kalorien zou sech geholl. An enger geraumter Kiche gouf hallef sou vill giess, also manner Kalorien zou sech geholl.

Chaos signaliséiert Stress

Psychologesch léist dat sech sou erklären, dass duerch de Chaos ee Gefill vu Stress a Kontrollverloscht ausgeléist gëtt. An dat ka mat Frust-Iesse kompenséiert ginn, soen d’Fuerscher.  Et ass een deemno sou frustréiert dat ee séier Zocker a Kuelenhydrater brauch, ganz nom Motto „elo ass alles egal“. Wann et knaschteg ass da kann een och kalorieräich iessen.  

De Fazit vun de Fuerscher ass deemno: wie säi Gewiicht an de Grëff wëll kréien, dee muss net Kalorien zielen, mä seng Kiche geraumt a propper halen. Um Enn hänkt dat awer och um Charakter vun der jeeweileger Persoun of.

Lauschtert hei d'Reportage: