8000 Schrëtt sinn de MinimumMir trëppelen net genuch!

Wien et scho gehaasst huet, mat den Eltere spadséieren ze goen, deem wäert dat hei net gefalen.

Leschten Update: 06.06.2019, 14:33:42

© Unsplash

Wa schlecht Wieder ass, bleiwe mir léiwer dobannen, wou et gutt waarm ass a mir eis et gemittlech kënne maachen. Wa gutt Wieder ass, ënnerhuele mir gären eppes mat Kollegen a ginn zum Beispill eppes drénken. Mee egal wat mir maachen, eis Féiss hunn ni vill Aarbecht.

Fir et kuerz ze halen : Mir trëppelen net genuch. Hautzedaags ass jidderee vill ze bequem. Mir huelen den Auto, de Bus, den Zuch, villäicht och nach de Vëlo, mee zu Fouss gi mir absolut net vill. Vëlo fueren ass zwar och gesond, mee Wëssenschaftler roden eis trotzdeem un, wéinstens 30 Minutten am Dag ze trëppelen. Dat sinn ongeféier 8000 Schrëtt.

Wien elo mol iwwerleet wou an wéi vill en trëppelt mierkt direkt, dass et just 3-4 mol de Wee vum Zëmmer an d’Kichen ass, déi puer Schrëtt vum Bus oder Auto bis op d’Aarbechtsplaz, villäicht nach en Tour duerch de Supermarché an dat war et awer och schonn. Op 30 Minutte kënnt een do sécher net.

© Unsplash

An enger Ëmfro mat 1017 Leit hunn 57 Prozent ugi manner wéi 120 Minutten an der Woch ze trëppelen. Op den Dag gekuckt, sinn dat mol keng 17 Minutten. Also knapp d’Halschent vun deem wat een am Fong trëppele sollt.
Lo kann een natierlech argumentéieren, dass ee mol eng Woch huet, wou ee méi trëppelt an dann erëm eng wou ee manner trëppelt. Esou kompenséiert sech dat da villäicht.

Keng Excuse hunn awer déi 29 Prozent vun de Leit, déi uginn hunn, net mol 60 Minutten an der Woch ze trëppelen. Also knapps 8 Minutten den Dag.
Wann een elo och nach niewebäi kee Sport mécht, kann et souguer zimlech brenzeleg ginn. Ze wéineg Beweegung kann nämlech e Risikofacteur fir Iwwergewiicht, Stoffwiessel-an Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge sinn.

Vu dass mir jo awer all gesond bleiwe wëllen, probéiere mir ab haut einfach alleguer, déi 30 Minutten Trëppelen ënnerdaach ze kréien.