Volltanke bei grousser HëtztGutt oder schlecht?

Den Tank nach emol op déi leschten Drëps voll ze maachen ass zwar praktesch, bei groussen Temperaturen awer net ze recommandéieren.

Leschten Update: 26.06.2019, 09:01:12

© Eldo

Wann een vu Lëtzebuerg aus eng méi wäit Streck fiert, z.B. elo am Summer an d'Vakanz, dann deet ee gutt drun, fir hei am Land nach emol richteg vollzetanken. De Bensin ass nämlech hei am Verglach zu eisen Nopeschlänner richteg bëlleg. Ma grad am Summer, wann et wierklech richteg waarm ass, da sollt een den Auto net komplett voll tanken.

Bensin an Diesel dehnen sech bei Hëtzt aus

Vill Leit probéieren esou vill wéi méiglech an hiren Tank eranzekréien. Dat mécht jo och Sënn, déi puer Kilometer packt een duerno méi. Ma bei grousser Hëtzt kann dat richteg problematesch ginn. Diesel a Bensin dehnen sech nämlech bei héijen Temperaturen aus. Dofir sollt een am beschten och mueres tanke, wann et nach e bësse méi kill ass, erkläert de Cedric Haas vum ACL.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Den Ënnerscheed tëscht der Temperatur am Tank op der Tankstell an den Temperaturen, déi dacks am Summer erreecht ginn, ass nämlech relativ grouss. Am Tank dehnt sech de Sprit dann aus, wat dozou féiere kann, dass Loft an den Tank kënnt, de Filter futti geet an dëst esouguer de Moteur ka beschiedegen.

Dat selwecht gëllt iwwregens och fir Bensinskanister.

Bei Pneue manner problematesch

An da sinn do och nach d'Pneuen. Och Loft dehnt sech jo bei grousser Hëtzt aus, theoretesch misst also hei d'Gefor bestoen, dass e voll opgepompelte Pneu platzt. Nee, seet de Cedric Haas. Bis zu 0,2 Bar méi kann ee roueg an de Pneu maachen, dat mécht deem – wann en dann intakt ass – näischt aus. Dehnt sech d'Loft also bei waarmem Wieder aus, da packt all normale Pneu dat ouni Problem.

Oppasse bei Wanter- oder All-Weather-Pneuen am Summer

Ma wa mir scho beim waarme Wieder sinn: Fir déi Leit, déi nach mat Wanter- oder All-Weather-Pneuen ënnerwee sinn, ginn et och Recommandatioune vum ACL. Déi bestinn nämlech aus méi engem mëlle Gummi, wat am Summer bei waarmem Wieder op Käschte vun der Stabilitéit geet.

An dann ass et och nach esou, dass ee genee wéi beim Tanken de Loftdrock an de Pneue sollt kontrolléiere, wann déi kal sinn. Well och duerch d'Reiwung op der Strooss erhëtzen se sech an d'Loft dehnt sech erëm aus.