Langweil virum Fluch?Déi bescht Attraktiounen um Fluchhafen

2019 dierft et kengem méi langweileg um Fluchhafe ginn.

07.06.2019, 07:30:18

© Unsplash

De Fluch huet Verspéidung oder et ass een erëm vill ze fréi um Fluchhafen, well een op kee Fall de Fluch verpasse wollt. Boarding ass eréischt an 3 Stonnen an elo hänkt een um muffege Gate sech ze langweile bis et esou wäit ass.
Gutt dass d’Fluchhäfen sech ëmmer méi afale loossen, fir de Leit d’Zäit ze verdreiwen.

Dass een op verschiddene Fluchhäfe Massagen, Mani- a Pediküren ugebuede kritt ass näischt Neies. Zu Singapur kann een allerdéngs eng Fësch-Pedikür maachen. Et sëtzt een seng Féiss an d’Waasser, a kléng Fësch iessen engem dann déi doudeg Hautzelle vun de Féiss. Hei dierf ee just netz e këddeleg sinn.

Mir bleiwen och direkt bei de Massagen, an zwar bei virtuelle Massagen. Um Dubai International Airport kann ee nämlech wärend ee masséiert gëtt, scho virtuell an d’Vakanz goen. Virtual Reality nennt sech dat Ganzt. Et setzt een einfach e Brëll op a scho kann een de Strand oder eng Staat 360 Grad ronderëm ee selwer entdecken.

© Unsplash

Wien elo kee Fan vu Massagen ass, a léiwer säi Gléck probéiere wëll. Wou kéint een dat besser maache wéi um Fluchhafen zu Las Vegas. Do ass am Fluchhafe selwer nämlech e Casino mat lauter verschiddene Slot-Maschinnen, digitalem Poker an allem wou ee soss nach Sue gewannen oder verléiere kann.

Schlussendlech gëtt et awer och nach eppes fir Leit, déi einfach relax op hire Fluch waarde wëllen. Eng Oxygen Lounge. Dir kënnt tëscht verschiddene Goûten auswielen an otemt dann einfach déif iwwert e Schlauch bei ärer Nues an an aus. Anscheinend soll dat net nëmme berouegen, mee och géint Stress a Kappwéi hëllefen.

Dir gesitt, och wann dir nach laang op äre Fluch waarde musst, gëtt et genuch ze maache fir dass d'Zäit engem net laang gëtt.