Ofschlossexame si fäerdeg"Endlech fräi sinn"

Haut waren déi lescht schrëftlech Examen, dono gouf gefeiert!

Leschten Update: 06.06.2019, 16:42:35

© Eldoradio

Déi schrëftlech Ofschlossexamen am Secondaire Classique a Secondaire Général sinn den 20. Mee ugaangen.

1'684 Schüler hunn hiren Examen am Secondaire Classique (918 Fraen a 766 Männer) geschriwwen. Fir de Secondaire Générale waren et 1'779 Schüler (1'007 Fraen a 772 Männer).

16 Schüler hunn am Kader vun Owescoursen un den Ofschlossexamen deel (3 Fraen an 13 Männer) geholl.

Um Donneschde Moie war et un der leschter schrëftlecher Epreuve dono gouf a Clausen gefeiert.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: