9-Stonne-Woch a keng 40 méiManner schaffen ass besser fir d'Ëmwelt

Experte sinn sech eens: manner schaffen ass net nëmme fir d’Mënsche gutt, mee och fir d’Ëmwelt.

Leschten Update: 09.06.2019, 08:58:15

© pexels.com

Schaffe goe musse mer sou oder sou alleguer. Déi eng maachen hire Job gären, an anerer éischter net. Fakt ass, dass op verschidden Aarbechtsplazen extrem dacks vill Iwwerstonne gedrummt musse ginn an esou einfach dacks iwwerfuerdert sinn, gestresst sinn a keen Ausgläich fannen. En Ausgläich ass den Experten no awer enorm wichteg. Well manner Stress bedeit och méi glécklech Aarbechter déi hannert hirer Aarbecht stinn.

Ma et gëtt allerdéngs och en Zesummenhang tëschent der Aarbechtszäit an dem Zäregas. Fir dat aktuellt Zil an der internationaler Klimapolitik anzehalen, misste mer eigentlech nëmmen 9 a keng 40 Stonnen d’Woch schaffen, sou d’Experten.

Vergläicht een de Bruttoinlandprodukt mam CO2-Ausstouss, kann een also gesinn, wéi eng Wirtschaft am meeschte Kuelestoff produzéiert a wéiee Brutto Inlandprodukt nohalteg wier.

Wann een dat an d’Verhältnis zu den Aarbechtsstonne setzt, fënnt een eraus wéi vill mer schaffe sollte fir sou mann wéi méiglech Zäregas ze produzéieren.

D’Resultat ass, dass déi 40 Stonne Woch misst ofgeschaaft gi fir manner Zäre Gas ze produzéieren. An dëser 9 Stonne Rechnung sinn aner Auswierkunge vu manner Aarbecht op eise Planéit nach guer net mat abegraff. Manner Aarbechtsstonne bedeit, manner Pendler, also domat och manner Verkéier a manner Transport.

Sou schéin dat och kléngt, ginn ech awer dovun aus, dass dat sou ni wäert antreffen.