Weltdag vun der Liewensmëttelsécherheet420'000 Doudeger duerch schlecht Iesswueren

An Europa gëtt d'Liewensmëttelsécherheet grouss geschriwwen. Ma weltwäit erkranken nach ëmmer ronn 600 Millioune Mënschen u kontaminéierten Iesswueren.

Leschten Update: 07.06.2019, 15:11:12

© Pixabay

Ëmmer erëm kréie mir hei um Radio Réckriff vun deene verschiddensten Iesswuere gemellt. Mol well se mat Bakterie kontaminéiert sinn, mol well Saachen dra sinn, déi net dra gehéieren oder ganz einfach well Saachen dra sinn, déi net op der Etikett stinn. Wéi gesot, dat kënnt ëmmer mol erëm vir, alles an allem sinn eis Liewensmëttel awer sécher a Liewensmëttelvergëftunge sinn éischter seelen.

Europäer sinn allgemeng gutt informéiert

Allgemeng sinn d'Europäer gutt informéiert, wat déi potenziell Gefore fir hier Gesondheet vun Iesswueren ugeet, dëst schreift déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet. Deemno ass ee vun zwee EU-Bierger ganz gutt iwwer Gefore wéi Pestiziden, schiedlech Zousazstoffer, Antibiotiken oder Mikroplastik informéiert, déi kënnen am Iesse landen.

Ma vill Leit sinn eben awer och net esou gutt informéiert, dat virun allem a verschiddenen afrikanesche Regiounen, a Südostasien an am Mëttleren Osten.

420'000 Doudeger d'Joer duerch kontaminéiert Iesswueren

Et ass och op deene Plaze wou der WHO no d'Stierflechkeet duerch Krankheeten, déi duerch kontaminéiert Liewensmëttel entstinn am héchsten ass. All Joer erkrankt ronn ee vun 10 Mënschen an der Welt duerch kontaminéiert Iessen, sief et duerch Bakterien, Viren, Parasitten oder chemesch Substanzen. Dat sinn der ronn 600 Milliounen – all Joer.

Eng 420'000 dovun iwwerliewen dës Krankheeten net. An et si grad d'Kanner ënner 5 Joer, déi besonnesch ufälleg fir esou Liewensmëttelvergëftunge sinn. Eng 40%, d.h. 125'000 Doudeger si Kanner, déi dat 5. Liewensjoer nach net erreecht hunn.

Enorm wirtschaftlech Schied

Grad fir aarm Länner ass dat donieft besonnesch fatal, well d'Zuel vun den Doudegen och en enormen Impakt op Länner mat éischter schwaacher Wirtschaft huet. Esou ginn der WHO no ronn 95 Milliarden all Joer a Relatioun mat Krankheet an Dout vun Aarbechter duerch schlecht Iesse verluer. Deemno fuerdert d'Weltgesondheetsorganisatioun och Hygiènespraktiken am Secteur vun den Iesswueren an der Landwirtschaft ze verbesseren.

Ugefaange bei de Regierungen, déi sécher a gutt Liewensmëttel musse garantéieren. Och d'Produzente misste wann néideg hir Praktiken upassen, d'Kontrolle musse séchergestallt ginn an da mussen och d'Verbraucher opgekläert an am Eeschtfall esou séier wéi méiglech informéiert ginn.