Et ass ni ze spéit!Last Minute Mammendag-Kaddo

Haut ass Mammendag. Jo, genau. Haut ! Wann dir dat vergiess hutt oder einfach nach keng Zäit fir e Kaddo hat, sinn hei e puer Last Minute Kaddo-Iddien.

09.06.2019, 09:00:13

© Unsplash

Wann et wierklech wierklech dringend ass, geet dat hei am schnellsten. Einfach d'Blumm erausdrécken, ausschneiden a mat de Liiblingsfaarwe vun ärer Mamm ausmolen. D'Eldo-Ekipp weist iech, wéi dat Ganzt kann ausgesinn:

© Eldoradio


Wat géife mir ouni eis Mamm maachen. Ëmmerhin ass si et déi eis a jonke Joren ëmmer eppes gekacht huet. Villäicht freet si sech grad dowéinst iwwer selwergemaachten mediterraant Salz. Alles wat dir dofir braucht :

- 120g Fleur de Sel

- 1 Iessläffel Rosmarin

- 1 Iessläffel Thymian

- 1 Iessläffel Basilikum

Dat Ganzt muss elo just nach gemëscht ginn, an an engem Glas, dat dir selwer dekoréiere kënnt, iwwerreecht ginn.



Vu dass är Mamm esou vill fir iech mécht, brauch si natierlech och mol Zäit fir sech. Eng gutt Bidden zum Beispill. Dofir kënnt dir hir och ganz einfach selwer Lavendel-Buedsalz maachen :

- 500g Miersalz  

- 2 Iessläffel gedréchente Lavendel 

- 5 Drëpsen Lavendel-Ueleg 

- 5 Drëpsen Bluttorange-Ueleg

Lo muss dir just nach alles mëschen et voilà. Scho kann är Mamm sech an der Bidden entspanen.


Fir jiddereen deen an der Kiche begaabt ass, bleift nach ëmmer de Klassiker. Selwergemaachte Kichelcher. Den Deeg stanz dir mat enger Häerzform aus an d’Kichelcher ginn dann nach dekoréiert.


Deen einfachste Kaddo ass awer nach ëmmer senger Mamm einfach ze soen, dass een se gär huet.

Links