London Calling360 Grad Infinity Pool

Déi britesch Haaptstad soll elo deen éischten 360 Grad Infinity Pool op der Welt kréien.

Leschten Update: 11.06.2019, 15:56:43

© www.compass-pools.co.uk

Ween op London an d’Vakanz kënnt, mécht dat wahrscheinlech entweder fir ze shoppen, oder fir eng vun de ville bekannten Attraktiounen, ewéi de Buckingham Palace an de Big Ben ze gesinn, oder awer och vläicht emol fir op e Concert ze goen. Déi wéinegst Leit kommen an déi britesch Haaptstad fir an d’Schwemm ze goen – mee dat kéint sech an Zukunft änneren.

Lauschtert hei de Reportage:



Elo soll London nämlech deen alleréischten 360 Grad Infinity Pool kréien. An dat, net iergendzwousch, mee um Daach vun engem neien, 220 Meter héijen Hotel, deen am Zentrum vun der britescher Haaptstad gebaut soll ginn. Bei engem Infinity Pool huet ee jo normalerweis op enger, zwou oder vläicht souguer dräi Säiten vum Pool kee Bord, esou, dass de Pool also quasi optesch an den Himmel iwwergeet an d’Illusioun entsteet, ewéi wann de Pool onendlech wier. Wat bei dësem Pool esou besonnesch ass, ass, dass e komplett aus Glas besteet a guer kee Bord huet.

© www.compass-pools.co.uk

Ween an de Pool eran- oder erausklamme wëll, dee muss dat iwwert e Lift maachen, dee vum Stack ënnendrënner duerch de Pool eropgedréckt gëtt. Wéi dat herno wierklech funktionéiert, wësse mer wuel eréischt an e puer Joer wann d’Gebai fäerdeg ass.

Mee ob ee vun dësem Pool wierklech vill profitéiere kann, bleift ofzewaarden. Schliisslech reent et zu London am Duerchschnëtt, 106 Deeg am Joer.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter