Life of Bryan - Dark PhoenixX-Meh

D'Dark Phoenix Saga ass irgendwéi verflucht.

Leschten Update: 13.06.2019, 05:15:14

© Youtube Screenshot

"X-Men"-Filmer waren ëmmer e bëssen Hit or Miss.

Den éischten X-Men a méi rezent Filmer wéi "First Class" oder "Logan" weise wéi vill Potenzial d'Charaktere vum "X-Men"-Universum hunn. Um aneren Enn vum Spektrum hu mer awer och absolut Desaster wéi "The Last Stand", "X-Men: Origins" an "X-Men Apocalypse".

Wou steet de neiste Film "Dark Phoenix" dann am "X-Men"-Spektrum?

Ech géing soen iergendwou an der Mëtt.



Dark Phoenix huet e puer Stäerkte mee leider och kloer Schwächten. D'Jean Grey, gespillt vum Sophie Turner, huet cool Superkräften a säi Konflikt mat senger eegener Kraaft ass interessant. Dem Professer X an dem Magneto hire Konflikt ënnerteneen ass eng klassesch Geschicht an den James McAvoy an de Michael Fassbender si fantastesch Schauspiller. De Konflikt tëscht Mutanten a Mënschen, d'Diskriminéierung vu Mënschen déi anescht sinn, ass a wäert ëmmer relevant sinn.

De Problem mat Dark Phoenix läit doranner dass de Film probéiert all Thema unzeschneiden a kraazt am Endeffekt leider nëmmen un der Uewerfläch vun allen. Dark Phoenix wiesselt vun Zeen zu Zeen d'Thema vum Film a wierkt dowéinst duercherneen an et feelt e bëssen den Zesummenhalt.

Dark Phoenix ass kee schreckleche Film mee e kënnt leider net un déi bescht Momenter vum X-Men Franchise erun.