Méi séier opstoe, mee net méi einfachDéi verréckst Weckeren

Mueres opstoen: Déi eng hu kee Problem domat, a si scho waakreg éier de Wecker iwwerhaapt schellt, an anerer komme souguer trotz Wecker net op.

Leschten Update: 12.06.2019, 09:14:41

© Pexels

Et gi Weckeren, bei deenen et engem quasi onméiglech ass fir weider ze schlofen, a bei deenen ee gezwongen ass sech ze aktivéieren.

Beweegung mueres fréi mécht fit a séier waakreg. Dat hunn sech och Erfinder zu notze gemaach, an eng Hantel erfonnt, déi eréischt op hält mat schelle wann een 30 Widderhuelunge fir de Bizeps gemaach huet. Sou ass ee gezwongen sech direkt mueres ze aktivéieren an dat fir dass de Wecker mat schellen ophält.



E weidere Wecker, dee geduecht ass fir dass d’Elteren hier Kanner aus dem Bett kréien ass eigentlech ganz simpel. Soubal de Nowuess net aus dem Bett kënnt, hëlt een de Wecker, deen ausgesäit wéi eng Granat, et zitt een de metallene Stëft eraus a geheit de Granate-Wecker an d’Kummer vum Siweschléifer. Dësen hält net op mat schellen, bis de metallene Stëft erëm agesat gouf.



Eng weider Method fir mueres gezwongen ze sinn aus dem Bett ze kommen, ass den Helikopter-Wecker. Dësen huet e Probeller dee fortflitt, soubal de Wecker schellt, an hält eréischt op wann de Probeller erëm zeréck op senger Statioun ass. Wat natierlech problematesch gëtt, wann dëse mol bis hannert iergend e Miwwelstéck geflunn ass.



Eng ähnlech Method ass e Wecker dee kee Probeller fort fléie léisst, mee een deen einfach fort fiert wann ee soll opstoen. Dëse fiert sou laang duerch d’Kummer bis dass een en agefaangen huet an en aus mécht.



Déi lescht a gläichzäiteg sënnvoll an effektiivsten Aart a weis waakreg ze ginn, ass mam Fouss-Matte-Wecker. Dobäi handelt et sech em e klengen Teppech, deen een an d' Kummer bei d’Dier leet. Wann dëse schellt, kritt een en nëmmen ausgeschalt an deem ee sech mat 2 Féiss drop stellt. Ass zimlech praktesch, well wann een drop steet, ass ee logescherweis op a kann och op bleiwen.


Lauschtert eran!