Äis dat vum Himmel fältWéi entstinn eigentlech Knëppelsteng?

Nieft Reen, Blëtz a Stuerm bréngen Onwieder dacks och nach Knëppelsteng mat sech, wann och nëmme ganz lokal. Ma déi riichten ëmmer erëm grousse Schued un.

12.06.2019, 16:21:39

© Pixabay

De Méindeg war a groussen Deeler vun Europa d'Wieder éischter onbequem. Deels si schwéier Onwieder entstanen a lokal sinn esouguer Knëppelsteng erofkomm – plazeweis esou grouss wéi Golfbäll. Dass do net méi vill ganz bleift, wa bis där Äisbullen op d'Haiser, d'Autoen oder souguer Mënschen aus e puer Kilometer Héicht falen ass kloer. Ma wéi kënnen déi schwéier Knëppelsteng iwwerhaapt entstoen a wéi kënnen se virun allem esou grouss ginn?

Dynamik an den Onwieder-Wolleken

Et freet een sech jo, wéi déi kleng Äiskugelen, déi heiansdo bis zu e puer Zantimeter am Duerchmiesser kënnen hunn entstinn a firwat se net einfach – eleng schonn duerch hiert Gewiicht – direkt op de Buedem falen. Schold dorun ass d'Dynamik an de Wolleke vun Onwieder, nëmmen do kënnen d'Knëppelsteng nämlech entstoen. An dann och nëmmen an enger gewëssener Zon, déi e puer Kilometer breet a laang ass.

An der Wollek ass et immens kal, esou entsti kleng Äiskristaller, déi sech no an no verbannen a bei méi mëllen Temperaturen einfach als Reen op d'Äerd falen.





Knëppelsteng wuesse Schichteweis

Ass et wéi an de genannten Onwieder-Wolleken awer kal an et bléist och nach e staarke Wand, ginn déi kleng Waasserdrëpsen duerch de Wand, deen no uewen dréck erop transportéiert. Do fréieren se, falen erëm erof, huelen dobäi weider Waasserdrëpse mat, ginn erëm no uewen – do wou manner Wand ass – transportéiert a falen erëm erof asw.

Dobäi kënnen d'Äiskugelen op 12'000 Kilometer Héicht a méi klammen. Iergendwann ass d'Kugel aus Äis esou schwéier, dass se net méi no uewen transportéiert ka ginn an da kënnt eben dat erof, wat mir als Knëppelsteng kennen.

Schneit een e méi grousse Knëppelsteen op, da gesäit ee richteg, wéi deen sech no an no gebilt huet. Ähnlech wéi bei enger Ënn sinn do déi verschidde Schichten ze erkennen.

Vill geet um Wee fir op de Buedem verluer

Wat gutt fir eis ass, dat ass, dass schonn e groussen Deel vun de Knëppelsteng um Wee fir op de Buedem erëm schmëlzt, an awer kënnen se hei ënnen am Extremfall nach ëmmer esou grouss si wéi en Tennisball – oder wéi virun e puer Deeg zu München op d'mannst wéi e Golfball.

An déi ginn dann duer fir net nëmmen enorm Schied un Haiser oder Autoen unzeriichten ma och fir an der Planzen an Déierewelt vill futti ze maachen.

Ganz vill kann een och net dogéint maachen. Am beschte kuckt een, dass ee selwer an déi Saachen, déi net robust sinn ënner Daach stellt an de Chaos einfach ofwaart.