Eldo InterviewAnouk Mahr: Schrëftstellerin mat 19 Joer

Mat 17 e Roman schreiwen an 2 Joer duerno publizéiert ginn, fir d'Anouk Mahr ass mat "Lautlos" genee dat Realitéit ginn.

Leschten Update: 13.06.2019, 08:42:48

© Eldoradio

Eemol am Liewen e Buch schreiwen an och publizéieren, dat ass den Dram vu ville Leit. Beim Anouk Mahr ass et souguer Realitéit ginn, an dat mat eréischt 19 Joer. Ma d’Passioun zu de Bicher huet scho vill éischter ugefaangen. Schonn als Kand huet et gäre Geschichten erfonnt an esou vill gelies datt seng Elteren am Geck souguer scho vun enger "Liessucht" geschwat hunn. 

Doropshin huet d’Anouk seng Leidenschaft fir d’Geschichten an och d‘Kreativitéit, déi et doraus zitt, an d’Schreiwe gestach. Schonn als Kand huet et domat ugefaange, ma elo mat 19 Joer huet hatt säin éischte Roman verëffentlecht. Dat fillt sech wéi d'Anouk seet zwar gutt un, dat richtegt Glécksgefill koum awer virun 2 Joer: Mat 17, hat déi jonk Schrëftstellerin säi Buch nämlech scho fäerdeg an huet et ageschéckt. Duerno goufe puer Versioune probéiert an dru verbessert bis schlussendlech d’Endresultat op de Marché komm ass an dat nennt sech „Lautlos“.

© Eldoradio

De Roman erzielt d'Geschicht vum Lucinda, enger 16-järeger Mutistin an deem senge Fortschrëtt, awer och Réckfäll. Mat Hëllef vun neie Frënn, engem blanne Päerd a sengem Therapeut fänkt d'Lucinda un ze kämpfen a probéiert an der Geschicht säi Wee zréck an en "normaalt" Liewen ze fannen.

D’Fro déi ee sech bei esou enger jonker Schrëftstellerin an esou engem Thema freet ass natierlech, wouhier kommen déi Inspiratiounen a wéi vill vum Anouk senger eegener Perséinlechkeet spigelt sech hei erëm. Der Schrëftstellerin no, kommen d'Iddie vun iwwerall, sief et aus sengem Liewen, Bicher oder Filmer an och eegen Erfarunge géife sech deemno a senge Geschichten a Charakteren erëmspigelen, och wa säin Ëmfeld dat heiansdo nach méi matkritt wéi d'Anouk selwer.

Beruff: Schrëftstellerin, dat wär den Dram, och wann et den Ament nach onvirstellbar fir d’Schülerin vun enger A-Sektioun ass emol dovu liewen ze kënnen. Mee fir vill Leit ass dat wat d’Anouk bis elo fäerdeg bruecht huet och schonn onvirstellbar dat huet der Schülerin vun enger A-Sektioun no e Grond: Vill Leit géifen net genuch u sech gleewen. Fir also publizéiert ze ginn muss ee sech einfach mol trauen ze schreiwen an och hannert den eegene Wierder stoen aplaz dës honnert Mol ze hannerfroen an ëmzeänneren. En zweete wichtege Schrëtt wär dann natierlech de Courage ze sammelen a säi Wierk aneren ze weise respektiv anzeschécken.

Lauschtert hei den Interview!

"Lautlos" ass bei Éditions Guy Binsfeld erauskomm a mëttlerweil an all de Librairien, esou wéi och online, ze fannen.