Konscht, Autoen a risegt SchëffMuséeën an Europa déi dir besiche musst!

Wann ee scho mol op eisem Kontinent ënnerwee ass, firwat dann net nieft der Landschaft och d’Kultur an d‘Geschicht vun den eenzele Länner entdecken?

12.06.2019, 05:37:18

© Pexels

Wee vill Zäit huet, fir deen ass en Trip an d’Stad vun der Léift e Muss. De Louvre zu Paräis ass mat méi wéi 38.000 Konschtwierker nämlech dee gréisste Konschtmusée op der Welt. Dem Leonardo da Vinci säi Mona Lisa suergt awer dacks fir Enttäuschung: D’Bild ass zimlech kleng an et kënnt ee wéinst de ville Leit net wierklech no drun.

Och an der britescher Haaptstad komme Visiteuren op hier Käschten. Et ginn direkt e puer interessant Muséeën zu London, kee gëtt awer sou gutt besicht wéi de “British Museum“. Bestaunt ginn d’Antiquitéiten aus de leschten 250 Joer vu 6 Millioune Visiteure pro Joer.

Wie sech e Musée virstellt, huet direkt d’Bild vun enger Konschtgalerie oder Raim voller Skulpturen am Kapp. Zu Monaco, bekannt fir säi Grand-Prix, gëtt et awer zum Beispill och en Auto-Musée, an deem iwwer 100 Klassiker ausgestallt sinn.

Definitiv aus der Rei danzt och de Vasa Musée zu Stockholm. D’Ausstellung ass ronderëm e richtegt Schëff opgebaut, dat 1628 ënnergaangen ass. Op verschiddenen Etage kritt ee jeeweils eng aner Vue op dëse Koloss, mat Informatiounen iwwer déi nordesch Schëfffaart.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Mee firwat iwwerhaapt iwwer d’Grenz? D’Ausstellung vum Mudam an der Stad ass breet gefächert. Hei fënnt ee 700 Wierker aus der Fotografie, der Konscht a souguer der Moud. Des Varietéit an den intressante Mix aus Festungsmauer a modernem Daach aus Glas zéien all Joer vill Touristen un.