EtüdDen Internet mécht domm!

Mëttlerweil ass eng Welt ouni Internet net méi virstellbar. Sou vill Virdeeler den Internet an all senge Formen och huet: Ze vill Internet mécht domm!

12.06.2019, 05:08:07

© Pexels

Den Internet ass déi Plaz wou mer eis mëttlerweil eleng schonn aus Reflex erëmdreiwen. A wa mer dann awer eng Kéier eppes Sënnvolles domadder ufänken, wéi z.B. eng Rees buchen oder Präisser vergläichen, lant een duerno trotzdeem dacks erëm op Facebook a kuckt sech eng Véierelsstonn laang Videoe vun Hënn un. Näischt géint Hënn, mee eis Online-Aktivitéit huet dach bal ëmmer dat selwecht Schema.

Ma net nëmmen d’Ofleef am World Wide Web gläiche sech staark. Och den Design vun deene meeschte Siten huet en ähnleche visuellen Opbau. A genau dora gesinn déi renomméiert Universitéite vun Harvard an Oxford elo e Problem fir eis mental Fitness.

Natierlech schwätzen d’Fuerscher net dovun, dass een domm gëtt, wann een den Internet benotzt. Si beschreiwen et anescht: Wien dacks am Internet ënnerwee ass, riskéiert negativ Auswierkungen op de Verhalt, awer och d’Konzentratioun.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Duerch déi vereinfacht Struktur vum Internet, verännert sech och d’Struktur an eisem Gehir. Doduerch, dass eng Routine entsteet, verknëppe sech däitlech manner Nerve wéi wann d’Gehir mat neie Strukture konfrontéiert gëtt.

Virun allem bei Kanner kann dëse Problem déi mental Entwécklung bremsen. Dofir ass et wichteg, dass sech grad déi Jéngst genuch beweegen a Wäert op sozial Interaktioun geluecht gëtt.