Grad bei JonkenNoriichte via Sozial Medie ginn ëmmer méi beléift

Während d'Zuel vun den Online-Abonnementer fir Noriichteportaler stagnéiert sinn et déi sozial Medien, déi al Noriichtequell ëmmer méi wichteg ginn.

Leschten Update: 12.06.2019, 14:28:44

© Pixabay

Fir déi, déi esou lues a lues vun der Zeitung op déi digital Noriichtenoffer wiesselen oder gewiesselt sinn heescht et schonn erëm sech ëmzestellen. An der Tëschenzäit gëtt et nämlech en neien Trend an zwar a Richtung sozial Medien. Dat ass grad bei jonke Leit de Fall, dat geet aus dem  ervir.

Abonnementer kënnen sech gréisstendeels net duerchsetzen

An 38 Länner goufe fir d'Analys d'Leit zu hire Gewunnechten an hirer Meenung a Saache Medie befrot, Lëtzebuerg ass awer leider net dobäi. Ma et ass duerchaus méiglech e globale Resumé vun den Trends ze maachen, déi sech wéi e roude Fuedem duerch de Rapport zéien.

Esou kënnt d'Offer vun Online-Contenu fir deen ee muss bezuelen an der Tëschenzäit net méi esou gutt un an ausser an den nordesche Länner wiisst dës Spart bal net méi. Wann dann awer fir Noriichte bezuelt gëtt, dann hunn d'Abonnenten och an deene räiche Länner bal ëmmer just 1 Abonnement. An allen analyséierte Länner ass iwwerdeems opfälleg, dass d'Vertrauen an d'Medien erofgeet.

Manner Muecht fir dubios Medien

Net grad d'Halschent vun de Befroten hunn uginn, dass si deene Medien trauen, déi si selwer benotzen. Weider fillen sech déi meescht zwar och informéiert, ma un den Erklärunge ronderëm d'Noriichte géif et awer nach feelen. Esou hunn 51% uginn, dass d'Medien net genuch maache fir den Notzer ze hëllefen d'Noriichten ze verstoen.

Eng gutt Noriicht gëtt et a Saache Glafwierdegkeet. Esou huet e Véierel vun de Leit uginn sech an der Tëschenzäit vu suspekte Mediesitten ewechzehalen.

Bal en Drëttel huet awer uginn, Noriichten aktiv ze evitéieren, dat z.B. well dat hir Stëmmung negativ beaflosst oder well si sech ohnmächteg fillen.

Ganz interessant ass och den Afloss vun de soziale Medien op d'Noriichten.

WhatsApp an Instagram ginn ëmmer méi wichteg

Grad déi jonk Leit notzen dës Medien ëmmer méi fir Noriichten ze konsuméieren. Dobäi ginn Instagram als Quell a WhatsApp fir d'Noriichten ze diskutéieren ëmmer méi populär. Facebook hëlt an der Wichtegkeet fir den Noriichtekonsum zwar e bëssen of, ass awer bei wäitem nach ëmmer dat meescht genotzte soziaalt Netzwierk wat Noriichten ugeet. Kee Wonner also, dass de Smartphone och fir den Noriichtekonsum ëmmer méi wichteg gëtt. Zwee Drëttel notzen de Smartphone all Woch fir domat op Noriichten zouzegräifen.