EtüdGin hëlleft géint Heeschnapp

Am Summer e Béier, e Glas Wäin oder soss en alkoholescht Gedrénks zou sech ze huelen ass fir Pollen-Allergiker net vu Virdeel - den Gin ass et awer!

13.06.2019, 07:00:18

© Pexels

D‘Wieder gëtt lues a lues besser an d’Temperature klammen. Et kënnt déi Zäit, wärend där een och mol gemittlech dobaussen op enger Terrass eng Béier oder e Glas Wäi wëll drénken. Ma fir Allergiker ass dat an der Pollen-Zäit awer net ze recommandéieren.

Am Kader vun enger Etüd hu 75% vun de befrote Leit hunn uginn, dass Alkohol hier Allergie verschlëmmert. Virun allem Wäin, Béier an och Cider. Den Heeschnapp ass eng Ofwier-Reaktioun vum Kierper géint Eewäisser, déi an de Pollen ze fanne sinn. Dobäi gëtt am Kierper méi Histamin fräigesat, wat zu den typesche Symptomer vun der Pollenallergie féiert, wéi zum Beispill Néits-Attacken an och rout a geschwollen Aan.

Et soll een als Pollen-Allergiker also sou mann wéi méiglech Histamin-räich Liewensmëttel zou sech huelen. Beim Braue vu Béier entsteet Alkohol, dee vill Histamin enthält, sou och beim Wäin, wat den Heeschnapp verschlëmmert. Gin a Vodka hunn am Géigesaz zu Béier a Co. eng Wierkung wéi en Antihistamin, wat d‘Wierkung vum Histamin ofschwächt oder souguer ganz kann ophiewen. Bei der Destilléierung vun Gin entsteet da sou gutt wéi keen Histamin.

D’Konsequenz dovunner ass, dass Gin tatsächlech hëlleft, fir d’Schwellunge vun de Schläimhait ze reduzéieren oder se op d'mannst net ze verschlëmmeren. An Zukunft kann een als Pollen-Allergiker also souguer an der Pollen-Zäit mat rouegem Gewëssen op der Terrass e Glas Gin Tonic drénken an dobäi nach d’Symptomer vum Heeschnapp e bësse reduzéieren. Mee och hei ass drun ze denken, dass ee vun engem Glas Gin schwätzt, an net vun enger ganzer Fläsch. Well ze vill Alkohol ass ni gesond.

Lauschtert eran!