Wäit vun eneen fort wunnen"Fernfrëndschaften" dinn eis gutt

Dacks gëtt een duerch d'Uni vu senge beschte Kollege getrennt. Dat ass awer net onbedéngt schlecht.

13.06.2019, 08:00:01

© Pexels

Frëndschaften op Distanz sinn a wäerten ëmmer en delikat Thema bléiwen. Ob berufflech, schoulesch oder privat, eng gréisser Distanz tëschent Kollegen a Frëndinnen ass net ëmmer einfach ze iwwerwannen. Eppes ass sécher: D’Distanz stellt iech virun eng Zerräissprouf.

Fakt ass awer, dass wann ee méi wäit vun enee fort wunnt, ee sech méi ze zielen huet. Et probéiert een also och méi geziilt mateneen ze kommunizéiere fir de Kontakt net ze verléieren. Dir wäert onofhängeg vum Alldag uneneen denken an Zäit fir ze telefonéieren an och Visitten aplangen. Dat bedeit fir iech, dass d’Gespréicher vill méi intensiv si wéi virdrun. Sou hutt der iech bei ärem Treffe wierklech eppes ze zielen a kënnt iech och richteg dorop freeën.

Dir wäert an Zukunft och net méi dee nämmlechte Frëndeskrees, dee nämmlechte Liiblingscafé oder Fitnessstudio hunn. Dëst huet och Virdeeler, well sou kënnt der iech géigesäiteg en objektive Bléck vu bausse bidden. Wann der mol eng Kéier an enger Liewenskris stiecht, da paakt äre Koffer a besicht äre beschte Kolleg oder bescht Frëndin. Da wäert der gesinn, dass et nach eng Welt ausserhalb vun ärem Mikrokosmos gëtt.

Wann der iech no enger méi laanger Zäit erëm gesitt, da wäert et sou sinn, wéi wann der ni getrennt gewiescht wäert. An dësem Moment empfannt der d’Gléck vun ärer Frëndschaft vill méi intensiv wéi soss. Kloer gëtt et schwéier fir sech no engem Weekend oder enger Vakanz erëm Äddi ze soen. Mee dier wäert wëssen, dass et wäit ewech vun iech ee gëtt, deen un iech denkt a fir iech do ass, egal wéi grouss d’Distanz tëschent iech ass.

Lauschtert eran!