Dat gouf et nach netSportshiersteller féiert Plus-Size-Poppen an

Als éischte Sportsartikelfabrikant huet Nike elo Plus-Size-Poppen fir seng Kleeder ze presentéieren.

Leschten Update: 13.06.2019, 06:15:55

© NIKE

Zu London an der Oxford-Street gëtt et bei NIKE elo Plus-Size-Poppen. Amplaz vun dënnen, duerchtrainéierte Mannequine sinn do och elo méi "korpulent" Poppen ze gesinn.

De Produzent reagéiert domat, eegenen Informatiounen no, op déi méi grouss Nofro no Artikelen a méi grousse Gréissten.

Net jiddwerengem gefält dat. Eng Journalistin vun der britescher Zeitung "The Telegraph" kritiséiert d'Aktioun. Hirer Meenung no géifen d'Plus-Size-Poppen Iwwergewiicht fërderen. Hire Reproche: Et géif mat de méi décke Poppen de Leit virgemaach ginn dass Iwwergewiicht net ongesond mee ok wier. Dat wier der Journalistin no awer eng geféierlech Ligen.

Op Twitter sinn d'Reaktiounen éischter positiv. User mengen sou z.B. dass si genau sou wéi d'Poppe géifen ausgesinn a schonn e Marathon oder Semi-Marathon matgelaf wieren.