"Quibi"Serië sollen "handy-frëndlech" ginn

Um Smartphone oder Tablet Serien ze kucke kann op de klenge Bildschiermer ustrengend ginn. Een neie mobille Streamingdéngscht kéint dat änneren.

Leschten Update: 13.06.2019, 12:03:04

© Pixabay

Eng nei Streaming-Plattform aus der Hand vun ënner anerem dem DreamWorks-Chef Jeffrey Katzenberg kéint scho geschwënn d’Aart wéi mir den Tëlésprogramm consomméieren, veränneren. "Quibi" (steet fir Quick bite) soll eng Plattform ginn, op deenen divers, fir Smartphones optiméiert Kuerz-Serie gewise ginn. Clientë kéinte soumat ëmmer op kuerz Folgen zeréckgräife fir déi Zäit am Dag z’iwwerbrécke wou een einfach just ofwaart. Wéi z.B. beim Waarden an der Salle d’Attente vum Dokter oder am Zuch um Wee fir heem.

De Start soll d’nächst Joer am Abrëll an den USA sinn. De Präis wäert wuel tëscht 5 an 8 Dollar de Mount leien. Dat hänkt of ob een mat oder ouni Reklamme wëll kucken. Experte si skeptesch ob Cliente wierklech all Mount fir Formater bezuele wëlle mat méi gerénger Qualitéit an déi vu kuerzer Dauer sinn an nëmmen um Smartphone kënne gekuckt ginn. Et kéint awer och ee Succès gi wann ee bedenkt wéi vill Minutten oder Stonnen den Dag eng eenzel Persoun mam Smartphone beschäftegt ass.

Eleng an den USA hunn d’lescht Joer Erwuessener an der Moyenne 3 Stonnen a 35 Minutte pro Dag mat hirem Smartphone oder Tablet verbruecht. "Quibi" riicht sech virun allem un d’Millenials, déi op de klasseschen Tëlésprogramm verzichten. De Fokus wäert op déi 25 bis 35 Järeg leien.

"Quibi" muss net wierklech mat Streaming-Plattforme wéi Netflix a Co. konkurréieren, well sech d’Aart vun de Formater grondsätzlech ënnerscheet. Als Konkurrenz sinn éischter Sozial Medien a Plattforme wéi YouTube, Instagram a Facebook ze gesinn, déi och op kuerz Formater setzen.

Wéi et heescht, wéilt de weltbekannte Regisseur Steven Spielberg fir "Quibi" Horror-Serie produzéieren, ma riets ass och vum Hollywood-Star Leonardo DiCaprio an dem Regisseur Guillermo del Toro ("Shape of Water").

Links