Kontrollen a CBD-ButtekerHanfverband kritiséiert Virgoe vun den Autoritéiten

Den 13. Juni gouf et queesch uechter d'Land Kontrollen a 34 CBD-Butteker. Ma dem Hanfverband Lëtzebuerg no war do net alles ganz richteg ofgelaf.

Leschten Update: 10.07.2019, 20:24:15

© GEOFFROY VAN DER HASSELT / AFP

Den 13. Juni haten d'Douane an d'Police 34 Butteker, déi Produite mat CBD verkafe kontrolléiert an de Parquet hat an deem Kontext geschriwwen, dass vereenzelt Produiten och matgeholl goufe fir dës ze analyséieren. Den Dag drop hat den Hanfverband Lëtzebuerg sech op der eegene Facebooksäit awer iwwer d'Manéier wéi dës Kontrollen an och de Suivi duerno ofgelaf sinn opgereegt an eng deelweis komplett Confiscatioun a Fro gestalt.

Kritik un inkoherente Kontrollen

Vun der Police hätt ee gesot kritt, dass déi op der Sich no e puer schwaarze Schof wier. An dat géif ee jo u sech als Hanfverband begréissen, wann esou Kontrolle gemaach ginn, seet d'Sekretärin vum Verband Diana Calvário. Ma d'Kritik géif sech méi op d'Aart a Weis vun de Kontrollen an op d'Inkoherenz bei der Saisie bezéien.

A verschiddene Geschäfter wiere ganz vill Produite matgeholl ginn, an anere wiere just e puer Prouwe geholl ginn an nach anerer wiere quasi guer net kontrolléiert ginn.





Kee Suivi oder Informatiounen no de Perquisitiounen

Et géif een sech och ganz kloer froen, ob déi Beamten, déi bei de Perquisitiounen agesat gi sinn genuch informéiert gewiescht wieren. Déi hätten ëmmer erëm d'Santé misste contactéiere fir nozefroen, ob Produite misste matgeholl ginn oder net.

A bis haut hätten d'Butteker keng Informatioune kritt, wat dann elo no de Kontrollen erauskomm ass oder wéi d'Affär weider geet.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Existenz vu klengen an neie Butteker ass a Gefor

Problematesch wier fir d'Geschäfter och, dass een d'Produiten, déi matgeholl goufen nach ëmmer net zeréckkritt hätt. An a verschiddene Fäll wier esou eng relativ grouss Zomm zesumme komm, déi elo géif feelen, grad well och d'Stocke matgeholl gi wieren.

Duerno hätt een sech wëlle bei der Santé iwwer de Stand vun den Analysen a Kontrollen informéieren, ma wéi d'Diana Calvário erkläert, hätt si um Telefon gesot kritt eng E-Mail ze schreiwen. Ma och no zwou E-Maile wier nach keng Äntwert zeréckkomm. An dat géif ee komesch fannen, well d'Existenz grad vun den neien a méi klenge Geschäfter jo géif um Spill stoen.

An deem Sënn hate mir och beim Parquet nach emol nogefrot, wéi d'Perquisitiounen ofgelaf sinn, ob et schonn éischt Resultater ginn a wat een zu de Reproche vun den CBD-Butteker seet. Bis ewell krute mir do awer nach keng Äntwert.

Links