MERCIEng Woch Morningshow vun dobaussen

Mir hunn 10.000 Insta-Follower! Fir Merci ze soen, si mir dës Woch duerch d'Land gefuer an hunn all Dag op enger anerer Plaz Sendung gemaach.

Leschten Update: 05.07.2019, 12:54:47

Morningshow on Tour / Den Daniel an den Andy um Baggerweier zu Rëmerschen. © Eldoradio

Ganz vill Leit hate sech iwwert WhatsApp an Instagram ugemellt.

Mir hunn eis 3 Plazen erausgesicht, vu wou d'Morningshow live vun der Plaz Sendung mécht.

Vun e Mëttwoch bis e Freideg war Eldoradio ënnerwee a huet bei iech an ärer Gemeng Sendung gemaach!

E Méindeg gouf live vun der Terrasse bei eis gesent. © Eldoradio

1. Etapp:
De Mëttwoch goung et bis erop an d'Land, vu 05h00 war Eldoradio op der Houschter-Déckt.
Den Andy an den Daniel hu live vun der Aral Tankstell gesent.



2. Etapp:
Den Donneschden waren d'Catherine an den Andy op der Kockelscheier.
Vu 5 Auer u gouf aus dem Haus vun der Natur Sendung gemaach.



3. Etapp: 
De Freide goung et fir déi lescht Etapp op Rëmerschen bei d'Baggerweieren.