"Carolina Waterfowl Rescue"Deckelsmouke mat Soutien retten

Et soll ee net alles ewech gehéien. A scho guer kee Soutien!

Leschten Update: 04.07.2019, 10:49:51

© Pexels

Sou zimlech all Fra huet doheem en Tirang dee voll mat Soutiene läit. An dovun ass sécher méi wéi nëmmen 1 ze kléng, ze grouss oder einfach ze onbequem an der stellt iech d'Fro wat der elo mat deene maache sollt. D'Äntwert ass hei dass der se op kee Fall sollt ewech geheien.

En Déiereschutzveräin aus North Carolina an den USA huet nämlech gewisen, wéi ee mat auszortéierte BH'en, Deckelsmouke mat engem futtisse Panzer rette kann.

Ier een de Soutien ewech geheit soll ee fir d'éischt den hënneschte Verschloss ofschneiden. Déi kleng Kreep ginn nämlech benotzt fir de Panzer vun den Deckelsmouken ze flécken déi z.b vun engem Auto oder engem Boot ugestouss gi sinn.

Déi Kreep ginn op de Plazen op deenen de Panzer futti ass ubruecht a mat engem Stéck Drot matenee verbonnen, sou dass d'Stécker zesumme gehale ginn.

"Carolina Waterfowl Rescue" heescht d'Organisatioun an hunn op Facebook och schonn iwwer 1'500 Likes an de Beitrag vun de Soutiene gouf och schonn 10'000 mol gedeelt.

D'Adress wou der är BH'en hi schécke kënnt ass e Post Fach an den USA. Wann der hëllefe wëllt, an awer elo net onbedéngt e Pak wëllt an d'Staate schécken, da kënnt der natierlech der ''Carolina Waterfowl Rescue'' och einfach eng Spend iwwerweisen. Oder der frot einfach bei engem Déiere Schutz Veräin an ärer Géigend no ob do och BH Verschlëss oder soss iergend eng Spend gebraucht gëtt.

Sou schnell kann een aus engem alldeegleche Géigestand mat minimalen Opwand en Tool maache, mat deem een enger Deckelsmouk d'Liewe rette kann.





Lauschtert eran!