HempExpoDéi éischt Foire ronderëm de Cannabis

Zu Diddeleng gëtt de Weekend vum 6-7. Juli 2019 d'Planz an hir Funktiounen thematiséiert.

Leschten Update: 03.07.2019, 16:37:28

© Eldoradio

Sief et d'Legaliséierung, medezinesch Notzung oder CBD - Cannabis ass en Thema, dat och hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi thematiséiert gëtt. Elo gëtt et de Weekend vum 6-7 Juli mat der HempExpo dann och déi éischte Foire ronderëm d'Planz.

D'Expo ass a verschidden Themeberäicher opgebaut: Vun CBD-Shops, bis Ubau oder medezineschen Infoen, soll sech hei bannen an der Hal alles ronderëm de Cannabis dréinen. 40 verschidden Exposanten aus ganz Europa a Konferenzen, bei deenen d'Leit hir Froe stelle kënnen, sollen d'Thematik vun der Planz opgräifen an d'Leit iwwert d'Vilfalt dovun informéieren.

Cannabis huet, wéi ee vun de Membere vun der Hempzon Sàrl eis am Eldo-Interview matgedeelt huet, ëmmer nach mat ville Viruerteeler an engem veraalten Image hei zu Lëtzebuerg ze kämpfen. Dëst wëllen d'Organisateuren änneren an de Visiteuren eng aner Säit vun der Planz weisen. Sief et jonk oder al, hei ass jiddereen invitéiert sech e Bild iwwer d'Thematik maachen ze kommen a mat ze diskutéieren.

Nieft dem Cannabis stinn awer och weider Saachen an Aktivitéiten um Programm. Esou suerge Foodtrucks, Djen a Live-Concerte virun der Hal fir Stëmmung. Den Entrée kascht jee nodeem ob een 1 Dag geet, oder de ganze Weekend wëll dobäi sinn, 7 oder 10 Euro. De ganze Programm a weider Informatioune fannt dir hei.

Lauschtert hei de kompletten Interview!