Féx erkläertFirwat "blocken" mir eigentlech?

Fir 2 Sekonnen d'Gedanke wandere loossen a viru sech hi "blocken" - firwat maache mir dat iwwerhapt?

Leschten Update: 04.07.2019, 11:40:33

© Pexels

Hallo? Lauschters du mir iwwerhaapt no? Haaalloo?! Déi meescht vun eis si scho mol esou vum Géigeniwwer nees zeréck an d'Realitéit katapultéiert ginn. Ma wärend dem Dag dreeme soll eis méi intelligent maachen a wier en Zeeche vu grousser Kreativitéit. Dat behaapten net ech, mee eng Etüd vun direkt e puer Fuerscher vum Georgia Institute of Technology aus dem Joer 2017. D'Dreeme wier de Fuerscher no keen Zeechen, datt een net opmierksam ass, de Géigendeel wier de Fall.

Lauschtert eran!


Et schalt een nämlech net komplett of, mee kritt ëm sech nach genuch mat – esou vill, datt d'Fuerscher soen, datt d'Gehir an deem Fall souguer méi effizient schafft. Et dreemt een, ma passiv hëlt ee säin Ëmfeld nach ëmmer wouer. D'Fuerscher ginn esou wäit a schwätzen an deem Sënn vun engem Gehir, dat méi effizient ass, wéi anerer. Sou ähnlech ass et och beim sougenannten "Blocken". Et ka wärend dem Dag hëllefen, Problemer ze léisen, Stress ofzebauen an déi ganz "Reizüberflutung" duerch de permanente Konsum ze reduzéieren.



Ma wéi entsteet dat "Blocken" eigentlech? Genee wéi beim Dreeme wärend dem Dag, fänke mer u mat Blocken, wann eis Konzentratioun ofhëlt. Ma och wann een eppes mécht, wat éischter an d'monoton Richtung geet oder wann een ebe séier d'Konzentratioun verléiert, tendéiert een dozou, séier ze blocken. Selwer weess een awer genee, datt een dee Moment blockt. Et kritt ee mat, wat ëm ee geschitt an et huet ee weider d'Kontroll.

D'Flucht aus dem Alldag huet eng Koreanerin op den nächste Level gehuewen. Wie prett fir Hardcore-Ofschalten ass, kann dat am Kader vun engem Concours maachen. No engem Burnout am Joer 2014 huet d'Woops Yang no Rou a wéineg Stress gesicht. Doduerch ass d'Iddi entstanen, am Grupp ofzeschalten. Och wann et ausgesäit, als géifen d'Leit viru sech hi blocken, fänkt een un, ze relaxen an d'Gedanke schwäifen ze loossen. D'Competitioun geet 90 Minutte laang, wie beim Blocken am entspaantsten ass, gewënnt.



Fazit: "Spacing out" ass alles anescht wéi schlecht...