Gefor gëtt erofgespilltMythe ronderëm den Handy um Steier

Dacks gëtt den Handy um Steier erofgespillt an doru sinn och verschidde Falschaussoe schold, déi de Verstouss banaliséieren.

Leschten Update: 05.07.2019, 08:44:28

© Sophia Kembowski / dpa / AFP

Den Dënschdeg hat d'Sécurité Routière déi nei Campagne géint den Handy um Steier. A wéi geféierlech dës Praktik, déi an der Tëschenzäit e richtegt Massephenomen ass, weisen d'Zuelen. An der Tëschenzäit ass nämlech d'Oflenkung um Steier d'Ursaach Nummer 2 fir uerg oder déidlech Accidenter.

Noriichte schreiwen heescht Kontroll iwwer Auto ze verléieren

D'Sécurité Routière huet den Dënschdeg virun allem ervirgehuewen, dass de Gebrauch vum Handy hannert dem Steier trotz der Gefor, déi dovun ausgeet dacks banaliséiert gëtt. An doru sinn och verschidde Falschaussoe schold, déi dës Gefor e bëssen erofspillen. Suerge mécht dem President vun der Sécurtié Routière, Paul Hammelmann, virun allem d'Schreiwe vun Noriichte während dem Fueren.

Wann een z.B. eng Noriicht séier schreift, dann huet een an der Moyenne d'Ae fir 5 Sekonnen net op der Strooss. Bei 50 Stonnekilometer mécht een esou 75 Meter ouni säin Auto wierklech ënner Kontroll ze hunn. Bei 90 Stonnekilometer sinn et schonn 135 Meter a bei 130 Stonnekilometer ronn 195. Hei sinn d'Gefore kloer.

Ma dofir ginn et jo Fräispriechanlage kéint een elo mengen.

Eleng d'Gespréich lenkt schonn of

Ma och déi hunn en negativen Afloss op d'Opmierksamkeet hannert dem Steier. De Risiko fir en Accident steet nämlech ganz kloer an Zesummenhang mat der Oflenkung duerch d'Gespréich selwer. An der Sécurité Routière no ass et dobäi egal, ob ee per Bluetooth-Kopfhörer, per Fräispriechanlag telefonéiert oder den Handy direkt beim Ouer huet.

Et kéint ee jo dann dovun ausgoen, dass och d'Gespréich mam Bäifuerer genee esou geféierlech ass. Nee, seet d'Sécurité Routière: E Bäifuerer kritt nämlech de Verkéier ronderëm mat a ka sech deementspriechend drop astellen. Via Telefon geet dat net a bei enger geféierlecher Situatioun wäert de Gespréichspartner och net ophale mat schwätzen.

Handy och fir Foussgänger geféierlech

Ma wéinstens zu Fouss wäert ee jo awer wuel ouni Gefor um Verkéier kënnen deelhuelen an dobäi telefonéieren. Nee, och dat lenkt de Foussgänger of, e ka säin Ëmfeld net méi esou gutt wouerhuelen a Situatiounen net esou séier ofschätzen, z.B. wann en iwwer d'Strooss geet.

Um Enn ass et eben esou, dass den Handy déi 4 Quelle vun Oflenkung zesummebréngt, an d'Gehéier, d'Vue, d'Gedanken an d 'Verhale beaflosst.