Di beschte SummerhitsDës Lidder maache gutt Laun

All Summer huet säi Summerhit. Hei de Réckbléck op di gréisste Summerhits aus de leschte Joren.

Leschten Update: 08.07.2019, 11:15:18

© eldo

"In the Summertime, when the weather is fine“ –d‘Band Mungo Jerry war eréischt e puer Wochen virum Release gegrënnt ginn. D’Single huet 1970 a 25 Länner d’Spëtzt vun den Charts erreecht.

Obwuel d‘Matsangen schwéier war, ass 1989 d’Lambada-Féiwer ausgebrach.  Danzschoulen waren iwwerfëllt an den Danzoutfit gouf duerch knapp Räck ersat.

„Come on over have some fun, dancin‘ in the mornin‘ sun“ – de Song „Bacardi Feeling/Summer Dreaming” war als éischt ee Publicitéits-Jingle fir Bacardi-Rum. De Komponist Olivier Bloch-Lainé huet aus dem Jingle zesumme mat der Sängerin Kate Yanai ee Radiohit draus gebastelt. D’Lidd war am August 1991 un der Spëtzt vun den Charts

„Heee, Macarena, Ai!“ – den Dance-Hit mat der liicht absurder Choreographie war 14 Wochen un der Spëtzt vu den US-Charts a gouf ee vun den erfollegräichsten US-Nummer-1-Hits vun allen Zäiten.

„A little bit of Monica in my life“ – ee Summer laang hat de Lou Bega gedanzt. Iwwert den Instrumental „Mambo No. 5“ vum Kubaner Perez Prado huet hien een einfachen Text iwwer seng Fäegkeeten als Fraenheld geschriwwen. D’Lidd gouf 12 Milliounen Mol verkaaft, an de Lou Bega fir e Grammy nominéiert.


 „Nossa, Nossa …“ – d‘Original staamt vun der Entertainerin Sharon Acioly an dem Museker Antônio Dyggs, déi mat deem Song e regionalen Hit a Brasilien haten. 5 Joer méi spéit huet de  Sänger Michel Teló d‘Lidd „Ai Se Eu Te Pego!“ héieren, huet et selwer opgeholl an zum Nummer-1-Hit gemaach.

"We No Speak Americano" Yolanda Be Cool war 2010 ee grousse Summerhit. Den Text steet hei net am Fokus: méi wéi 9 verschidde Sätz waren net dran, mee de Beat huet iwwerzeegt.

Dem Avicii säin Hit "Wake Me Up" war am Joer 2013 net z’iwwerhéieren – am Joer dono war dat bei  Lilly Wood & the Prick de Fall. Duerch dem  Robin Schulz säi Remix gouf dëse Song eréischt richteg bekannt. 

De Felix Jaehn hat viru 5 Joer mat "Ain't Nobody" e grousse Summerhit. Hien  krut dobäi Ënnerstëtzung vum Jasmine Thompson. De Song ass iwwregens ee Cover vum Chaka Khan.

D‘Soulsängerin Imany war fir de Summerhit 2016 responsabel. "Don't Be So Shy" war a ganz Europa ee mega-Succès.

2017 war et "Despacito" vum Luis Fonsi an Daddy Yankee, deen an e sëlleche Länner erop an erof gespillt gouf.



2018 gouf de Song „Bella Ciao“ vum El Profesor am Remix vum franséischen DJ Hugel zum offizielle Summerhit vum Joer gewielt.

Mat Hits vu Museker wéi Pedro Capo, Alvaro Soler, an Loco Escrito huet och 2019 schonn eng Partie Summerhits ervir bruecht. Wéi ee Song um Enn den ultimative Summerhit 2019 gëtt, steet awer nach net fest.