Vu grouss op kleng a rëm op groussEvolutioun vum Smartphone

Vum Nokia 3310 op de Smartphone ass technesch e grousse Sprong, an dat a kuerzer Zäit. Wat ass an Zukunft ze erwaarden?

05.07.2019, 17:30:27

© Pexels

Mer benotzen en all eenzelen Dag. Mueres wa mer op stinn, wa mer op der Toilette sëtzen, verschiddener huelen e souguer mat an d'Dusch. Et kann ee soen dass en aus eisem Alldag net méi ewech ze denken ass. An zwar den Handy.

Fréier huet den Akku gefillten 3 Woche gehalen, an wann een den Handy faale gelooss huet ass éischter d'Plätsche futti gange wéi den Handy.

Witzeg un der ganzer Saach ass, dass d'Handye vun der Evolutioun hir, am Ufank grouss ware an dat souguer nach mat enger Antennen déi ee auszéie konnt. Lues awer sécher ass den Handy ëmmer méi kleng ginn, sou dass och mol deen een oder anere sech sécher war, dass se dat maache fir dass d'Leit den Handy verléieren an neier kafen.

Spéider hunn se dann awer ugefaangen erëm méi grouss ze ginn, mat Faarwegem Bildschierm, Kamera an infrarout. Wann een dann e coolt Bild engem schécke wollt, dann huet een d'Handye missten niewentenee leeën a nëmmen net bougéiere.

Elo gesäit dat dann awer sou aus dass ee mam Handy eng Foto oder e Video mécht, an déi ënnerhalb vun 1 Sekonn kann un Kollegen oder d'Frendinne schécken déi z.b an der Karibik an der Schwämm leien.

Dëst ass alles duerch d' Smartphonen haut méiglech. Ma wann een awer dem Chef vun de Samsung Smartphone, dem Dong Jin Koh gleewt, da sollen et a puer Joer gläich keng Smartphone méi ginn. Begrënne mécht en dat mat der Ausso, dass mam neie 5G ganz nei Méiglechkeete géingen entstoen déi de Smartphone u sech géingen iwwerflësseg maachen.

An Zukunft wäert een also kee Smartphone méi bei sech droen mee en Alldeegleche Géigend wéi z.b e brëll mat deem een Videoen, Biller an Texter kann ofruffen.

Lauschtert eran!