Life of Bryan - Spider-Man: Far From HomeMarvel geet an eng nei Ära

Spider-Man: Far From Home ass den éischte Marvel-Film no Avengers: Endgame. Kann de Film d'Vermiechtnes vum mega Franchise droen?

Leschten Update: 10.07.2019, 13:04:46

© YouTube Screenshot

Mat Avengers: Endgame ass d'Infinity-Saga eriwwer a Spider-Man: Far From Home ass de Film, deen esou ze soen, déi nei Ära aféiere soll.

No Endgame an dem Spider-Man Solo-Film Homecoming hat den 2. Deel Far From Home eng wichteg Roll a grouss Erwaardungen ze erfëllen.

Spider-Man: Far From Home huet alles wat Marvel-Filmer gutt mécht: gutt Effekter, cool Action an eng gutt Portioun Comedy. Marvel weess jo mëttlerweil genau, wat se maachen a Spider-Man: Far From Home ass do net anescht.



Wat Far From Home awer fir mech exzeptionell mécht, ass ewéi gutt Marvel hir Superhelden - an dësem Fall de Spider-Man - versteet. D'Story vum Film, fir net ze vill ze soen, ass iwwert de Peter Parker a seng nei Roll an der Welt no den Evenementer vun Avengers: Endgame. Wéi gewinnt vum Spider-Man geet et ëm Responsabilitéit, mee Far From Home behandelt dat Thema mat enger Nuance, wéi ee se normalerweis nëmme vu Comics gewinnt ass.

Natierlech huet de Spider-Man eng Responsabilitéit als Superheld, gläichzäiteg ass de Peter Parker trotz allem ee 16-järegen Teenager mat Onsécherheeten an dem Wonsch no engem normale Liewen. Dee Géigesaz mécht een zu engem vun de mënschlechsten a komplexste Comicbuch-Figuren an dat ass a Spider-Man Far From Home einfach esou gutt ëmgesat ginn. Far From Home huet niewebäi och ee Béisewiicht aus de Comics ëmgesat, bei deem ech nimools geduecht hätt dass en, éischtens iwwerhaapt an engem Marvel-Film kéint optauchen, an zweetens, och nach gutt ëmgesat gëtt. Ech well wéi gesot net ze vill soen, mee de Film geet mat der Story a Richtungen, iwwert déi ech nimools geduecht hätt, dass se géinge goen. Ech gouf éierlech a massiv vun dësem Film iwwerrascht.

Spider-Man Far From Home setzt en neie Standard fir d'Live-Action Spider-Man-Filmer. En huet Action, Witz an déi eenzeg Saach, déi Marvel nach net ëmmer gutt hikritt: eng mënschlech a gutt Story.

Lauschtert Iech hei de Reportage un