Life of Bryan – Grand Theft Auto 6 GerüchterGeet GTA a Südamerika?

Grand Theft Auto aka GTA - wee kennt d'Spillrei net. Wat ass iwwert den nächsten Deel gewosst?

Leschten Update: 08.07.2019, 12:40:40

© YouTube Screenshot

Nächst Joer kënnt wahrscheinlech déi nei Konsolegeneratioun an eng nei Konsolegeneratioun bedeit och en neit Spill vu Rockstar Games.

Wiem Rockstar Games näischt seet: Et sinn d'Entwéckler vu GTA a Red Dead Redemption. Ech mengen, do muss näischt méi gesot ginn.

Virun e puer Deeg huet sech erëm eppes an der Gerüchteküche gedoen an anscheinend goufen nees Informatiounen iwwer GTA 6 geleakt.

Fänke mer mat der wichtegster Info vum Leak un. En ass héchstwahrscheinlech fake. Genee sou Fake, wéi di 2 Leaks, déi mer scho virun e puer Méint haten.

D'Informatioune vun deenen GTA 6-Leaks baséiere gréisstendeels op Rumeuren, déi heiansdo duerch d'Industrie ze héiere sinn a sollten dowéinst allerhéchstens am Hannerkapp behale ginn.

Domat der also eppes fir ären Hannerkapp hutt, resuméieren ech iech déi Deeler vun de Rumeuren, déi fir mech plausibel oder villäicht esou guer realistesch klengen.

Alsoooo... GTA 6 soll an de 70er oder 80er spillen a staark vun der Netflix-Serie Narcos inspiréiert sinn. Esou soll et Story-méisseg ëm d'Drogenepidemie a ganz Amerika goen, wat am Kontext vu GTA Sënn mécht. Wann een de Rumeure gleewe wëll, soll et am nächste GTA och méi wéi eng Stad ze erfuersche ginn. Bekannt Stied wéi Vice City a Liberty City sollen erëm kommen an di nei Stad soll vu Rio de Janeiro inspiréiert sinn.

Ee wichtegen Deel vum Spill wier anscheinend den Opbau vun ärer eegener Drogenorganisatioun, wat och nach plausibel kléngt.

Vill méi Relevantes gouf et net a GTA 6 ass souwisou nach op d'mannst 2 bis 3 Joer an der Zäit - ech géing d'Loft also net fir dat nächst Rockstar Game anhalen.