Aus A maach 0Fuerscher kënne Bluttgruppen änneren

D'Fuerscher hu Prouwe vun der Bluttgrupp A an déi universell asetzbar Bluttgrupp Null ëmgewandelt, an dat mat Hëllef vun Daarm-Bakterien.

Leschten Update: 08.07.2019, 11:41:54

© MIGUEL MEDINA / AFP

Bluttgrupp Null als Universal-Bluttgrupp

Affer vun Accidenter, Mënsche mat chronesche Krankheeten, Patienten déi operéiert musse ginn – Blutt gëtt es genuch gebraucht. An dobäi gëlt Blutt vun der Bluttgrupp Null an der Medezin als besonnesch wäertvoll. D’Bluttgrupp Null ass eis Universal-Bluttgrupp. Dat bedeit natierlech och, dat d’Bluttgrupp Null déi am meescht gesichten a gewënschte Bluttgrupp ass. Grad am Noutfall, ass dat iwwerliewenswichteg, wann een d‘Bluttgrupp vum Patient am éischte Moment net kennt, well dësen dat direkt verdréit. Leider ass dës Bluttgrupp ëmmer knapp.

Enzymen aus dem Daarm

Elo si kanadesch Fuerscher der Léisung vun dësem Problem ee ganzt Stéck méi no komm. Si hunn eng Enzymkoppel entdeckt, déi Blutt vun der Bluttgrupp A an d’Bluttgrupp Null ëmwandelt. An dat mat Hëllef vun Daarmbakterien.

D’Schläimhaut un der Daarmwand enthält deemno vill sou genannte Mucine, dat si Proteinne mat bestëmmten Zockerulagerungen. Dës wiere chemesch ähnlech opgebaut wéi Antigene vun der Bluttgrupp A a B. Fir d’Ëmwandlung goufen d’Antigene vun der Bluttgrupp A neutraliséiert an zur Bluttgrupp Null ëmprogramméiert.

Et muss nach weider gefuerscht ginn

Mat hirer Entdeckung wëllen d’Fuerscher Enkpäss an der Bluttversuergung entgéintwierken. Virun allem an de Summerméint gi manner Mënsche Blutt spenden.

Dës Methode huet awer nach een ëmfangräiche Praxistest virun sech. Et muss een nach kucken ob dat ganzt keng negativ Reaktiounen ausléise kann. Et geet een dovunner aus, dat et nach e puer Joren dauere wäert,  bis een an de Spideeler respektiv Transfusiounszentren wierklech Bluttgruppen ëmwandele kann. 

Lauschtert hei d'Reportage: