Äddi 0815-Kaffi?Botter am Kaffi soll beim Ofhuelen hëllefen

Online gesäit een ëmmer nees Fotoe vum sougenannten "Bulletproof Coffee", Kaffi mat Botter a Kokosnossueleg. Wisou de ganzen Hype? A wat bréngt de Mix?

09.07.2019, 04:02:51

© Unsplash

Kaffi mat engem Stéck Botter an engem Schoss Kokosnossueleg: Kléngt extravagant a vläicht och e bëssen eekleg, ma soll awer beim Ofhuelen hëllefen. Dat behaapt de Kapp hannert dëser Iddi, den Dave Asprey, en Entrepreneur aus dem Silicon Valley. Um Blog bulletproof.com schreift hien, datt hien dëse Kaffi-Mix iwwert 10 Joer laang all Moie gedronk an doduerch op d'mannst 45 Kilo ofgeholl huet.

Lauschtert eran!


Och ënnert dem Tibet-Regimm bekannt

Am Kader vun enger Biergtour am Tibet ass him d'Iddi komm: D'Alpinisten drénken hei dacks e Yak-Téi, e Mix aus Téi mat Botter a Mëllech vum Yak-Rand. Wéi den Asprey weider erkläert, hätt hie sech doduerch voller Energie an extrem fit gefillt an huet kuerzerhand den Téi duerch Kaffi ersat a säin "Bulletproof Coffee" op de Marché bruecht. De Kaffi soll moies déi éischt Moolzecht ersetzen. De Filterkaffi déngt also als Grondlag a gëtt jeeweils mat engem Läffel Botter a Kokosnossueleg opgefëllt. D'Mëllech, wéi se am Botter-Téi am Tibet ze fannen ass, gëtt hei, grad wéi den Zocker, op der Säit gelooss.

View this post on Instagram

Cheers and hello there. The day is in full swing and my second cup of #BulletproofCoffee is about to hit the spot. Speaking of spots, the ring on my finger is none other than the @OuraRing - did you hear last weeks #BulletproofRadio with the CEO? Well, in celebration of my new book ‘Game Changers’ (have you pre-ordered yet?), Oura has decided to gift a few of these holy grails to you! So how can you nab one? It’s simple. I will be choosing the best post that emotes how “game changing” sleep is for you, your family and/or in your life. Just tag me and @OuraRing with the hashtag #BeAGameChanger. Get creative, have fun, get a little whacky and maybe these things go viral. I think you can totally make that happen. We are high performers, right? I'll be picking winners November 7th so don't procrastinate.

A post shared by Dave Asprey (@dave.asprey) on



Fetträich a vill Kalorien

Nëmmen eng Taass géif duergoen, datt d'Fettverbrennung moies schonn op Toure kënnt. Aner gutt Fetter, déi den Dag iwwer consomméiert ginn, solle sech an Energie ëmwandelen, esou den Asprey weider. Hie selwer seet, datt keng Ernärungsëmstellung virdru gehollef hätt, ofzehuelen a fit ze ginn – eréischt duerch den "Bulletproof Coffee" hätt sech schlussendlech eppes geännert. Kuckt ee sech dat Ganzt awer méi genee un, kann een drun zweiwelen, wéi een doduerch ofhuele soll. Eng Taass vum Kaffi-Mix huet esou vill Kalorien an och Fett, datt een direkt eng Taass Schlagsahn kéint drénken, esou verschidden Experten am Netz.

View this post on Instagram

- Which one would you prefer?👆🏼 - One cup of butter coffee or a whole plate of food?🤨 - We definitely prefer an entire plate of food instead of one single cup of coffee. ✨ A plate full of protein, fat, carbs, & fiber will sustain you for hours and fill your body with nutrients! - - - - #eattherainbow🌈 #buttercoffee #ketodiet #nutritionfacts #nutrition #balancedmeals #balancedplate #weightlosstips #bbgfood #eatwellbewell #fuelforthebody #fuelup #dietplan #rdchat #registereddietitian #healthytips #easybreakfast #nonscalevictory #bulletproofcoffee #diets #justeatrealfood #foodswaps #fitgirlfuel #dietitianapproved #rd #hungercues #howtoloseweight #nondiet #nondietapproach

A post shared by Anti-Diet Dietitians (@dietitianspalmvalley) on



Léiwer schwaarze Kaffi drénken

D'Kritiker hiewen natierlech och ervir, datt Botter de Risiko vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen an d'Luucht dreift. D'Experten erklären, datt réng Flëssegkeet eis op Dauer net sat ka maachen, respektiv eise Mo net laangfristeg fëlle kann. Ob dat elo wierklech alles esou stëmmt, sief mol sou dohinner gestallt. Wann ee säi Gewiicht wëll halen, ka säi Kaffi moies schwaarz drénken. Esou huet d'Gedrénks manner Kalorien, reegt de Stoffwiessel un a soll souguer wäertvoll Antioxidantië fir eise Kierper liwweren.