Ernierung upassenLiewensmëttel, déi beim Sport an der Hëtzt hëllefen

Trotz enormer Hëtzt kann ee mat der richteger Ernierung am Summer, ouni Bedenken, Sport maachen.

Leschten Update: 08.07.2019, 18:12:02

© Pexels

Sou wéi ee seng Kleeder un d'Temperaturen upasst, soll een dat och mat der Ernierung maachen. Bei héijen Temperature kënne ganz bestëmmt Liewensmëttel déi ee virum oder nom Lafe goen zou sech hëllt, hëllefe besser Leeschtung ze bréngen an dat trotz 30 Grad.

 

Kokosnoss-Waasser soll no all Training an der Hëtzt zou sech geholl ginn. Dëst ass voll mat Kalium an dowéinst och mat Elektrolytten. Déi si nämlech ausschlaggebend fir eng Dehydratéierung ze vermeiden, de Bluttzocker stabil ze halen an d'Funktioun an Entspanung vun de Muskelen ze ënnerstëtzen.

 

D'Avocado ass voller Vitaminnen an Mineralien. Virun allem kënne Leefer vun der Avocado profitéiere, well déi doran enthalen ongesättegt Fettsaieren a setzen de Cholesterinspigel an de Bluttdrock erof an dat fuerdert d'Gesondheet vum Häerz.

 

Molbiere sinn net nëmme lecker, mee och nach voller Nährstoffer. Hëlt een déi virum Training zou sech, suergen déi dofir dass ee während dem lafen hydratéiert bleift. Iwwregens sinn d'Molbiere voller Antioxidanten, déi virun enger Rei Erkrankunge wéi z.b Häerzerkrankunge schütze kënne.

 

Kefir ass e Sauer-Mëllech Produit an eng vun de beschte Quelle u Probiotika, also guttaartegen Daarmbakterien déi d'Immunsystem stäerken. Doriwwer eraus hëllefen se engem dobäi e gesond Gewiicht ze halen a kënnen Allergien entgéint wierken.

 

Quinoa dierf an der Ernierung vum Sportler och net feelen. Dëst verfüügt iwwer all 20 Aminosaieren déi de Kierper brauch. Mat abegraff 10 essentiell Aminosaieren déi de Kierper selwer net hierstelle kann.

 

An zu gudder Lescht nach de Spinat. Fuerscher hunn erausfonnt dass déi doran enthalen Nitrater d'Leeschtung wärend Sprinter oder dem Intervall Training verbessert. Sou dass d'Funktioun vum Spinat beim Popeye guer net sou wäit hier geholl ass.


Lauschtert eran!