Op d'mannst 1 mol d'WochSport wierkt sech positiv op Mathe-Leeschtung aus

Sport a Mathe hänken dem däitschen Institut fir Wirtschaft no vill méi enk zesumme, wéi ee kéint mengen. An dat fänkt schonn a jonke Joren un.

09.07.2019, 06:30:55

© Pixabay

Dass Sport fir méi gutt ass wéi schéi Fotoen op Instagram oder d'Opzeechne vu Laafweeër fir déi duerno op Facebook ze deelen, dat ass kloer. D'Gesondheet, Wuelbefannen an dat eegent Selbstwäertgefill klammen dacks, wann ee bis ufänkt sech méi ze beweegen. Ma dass Sport a Beweegung nach méi kënnen, dat wëlle Fuerscher an Däitschland elo erausfonnt hunn – a mam Kierper u sech huet dat emol näischt ze dinn.

An der Fräizäit ze liesen wierkt sech positiv aus

Mathe a Sport si ganz wäit ausernee kéint ee mengen. A vill Leit hu Problemer mat dem engen oder deem aneren oder och mat béidem. Ma de Fuerscher vum Institut vun der däitscher Wirtschaft no ass et grad de Sport, deen sech op dat mathematesch Kënnen auswierke kann.

D'Fuerscher wollten deemno erausfannen, wéi eng Aktivitéiten sech besonnesch positiv op den Erfolleg beim Léieren auswierken. An dat war natierlech an éischter Linn emol d'Liesen. Dëst huet bei deene 4'000 Versuchspersounen aus der 4. Klass net nëmme positiv Auswierkungen op Lieskompetenz ma och op d'Kënnen a Saache Mathe gehat. An dat selwecht gëllt fir de Sport.

Onofhängeg vu sozialer Hierkonft

D'Leeschtung vun deene Kanner, déi op d'mannst 1 mol d'Woch Sport maachen, war am Verglach däitlech méi héich an dat egal wéi eng Sportaart an och onofhängeg vun der sozialer Hierkonft vun de Schüler. Déi déi sech awer elo denken, dass se dann einfach d'Fräizäit komplett beim Fussball verbréngen, fir duerno d'Mathe-Prüfunge labber ze packen, déi ginn awer vun der Analys enttäuscht. Méi ass an deem heite Fall nämlech net besser.

Sport ass och an anere Beräicher positiv

D'Fuerscher kommen nämlech zu Schluss, dass wann een all Dag Sport mécht, dat erëm negativ Auswierkungen op déi mathematesch Kenntnisser huet. Dat kënnt wuel dohier, dass een an deem Moment net méi genuch Zäit huet, sech mat der Matière ze beschäftegen an ze léieren. Dass Sport net nëmme gutt fir de Kierper ass, dat weess ee wéi gesot scho méi laang. Verschidden Etüden hu schonn en Zesummenhang tëscht Sport an engem bessere Verdéngscht bei Männer am Alter tëscht 25 a 34 Joer gewisen. Elo ass dann nach e weidere positiven Aspekt schonn a jonkem Alter dobäi komm.

Links